Nieft dem Gendarmeria-Corps sinn zanter 1505 d'Schwäizer Gardiste fir d'Sécherheet vum Poopst responsabel. Dat esouwuel am Vatikan, wéi och op offizielle Reesen, wéi elo och e Méindeg zu Metz.
Als Auteur vum Buch "1766 – Der Votivaltar" hat de Marc Schoentgen am September 2024 d'Geleeënheet, dem Poopst François perséinlech säi Buch an der Kathedral zu Lëtzebuerg ze iwwerreechen.
Ee Joer méi spéit hat hien dann och d'Occasioun, dem Poopst Leo XIV. an enger Audienz dierfen ze begéinen an him säi Buch ze iwwerreechen.

No der Validatioun duerch de Kommandant vun der Schwäizer Garde, dem Oberst Christoph Graf, war de Lëtzebuerger Fotograf dëst Joer e puer Mol zu Roum am Vatikan, wou hien d'Schwäizer Gardiste konnt mat senger Kamera begleeden.
Sou konnt hien eng Poopstmass am Péitersdoum, eng Generalaudienz, d'Akleedung vun de Gardisten an d'Vereedegung vun neie Schwäizer Gardiste fotografesch festhalen.