Zënter 2011 bréngt d'Maskottche vun der City Bibliothèque an der Stad op spillerescher an awer pädagogescher Aart a Weis de Kanner d'Freed um Liese méi no.
Den Tuffi ass elo 15 Joer al. Seng Missioun, d'Kanner fir d'Liesen ze begeeschteren, schéngt hien an de leschte Jore gutt gemeeschtert ze hunn. Um Rendez-vous op sengem ronne Gebuertsdag huet et nämlech u klenge Gäscht net gefeelt. D'Maskottche vun der City Bibliothéik gouf e Samschdeg am Cercle Cité an der Stad gefeiert. Um Programm stounge Liesungen, Atelieren a kreativ Aktivitéiten
D'City Bibliothéik zielt mëttlerweil méi wéi 20.000 enregistréiert Lieser. Zanter 2011 begleet den Tuffi virun allem d'Kanneraktivitéite vun der Bibliothéik. Entworf, gouf d'Maskottchen deemools vun der Illustratorin Stina Fisch.
"Mir hunn ëmmer méi Lieser bei eis an der Bibliothéik an dat ass super. An den Tuffi, deen ass ewéi ee Magnéit fir d'Kanner, fir och déi an d'Bibliothéik ze kréien. Fir se un d'Liesen an un d'Literatur erun ze bréngen an dat op enger pädagogescher Aart a Weis", erkläert d'Deborah Storn, Directrice vun der City Bibliothèque.
All Samschdeg vun 10:30 bis 11:30 Auer organiséiert d'City Bibliothéik een Tuff-Liesatelier. No de Liesunge gëtt da meeschtens mat de Kanner gebastelt. "D'Samschdes-Aktivitéite sinn immens vill gefrot, dofir muss ee vir bäi sinn a séier maachen, fir sech unzemellen. Dat kann ee maachen iwwert eisen Internetsite citybiblio.lu, wou all Mount nei Ateliere fräigeschalt ginn", sou d'Deborah Storn weider.
Natierlech konnten och op dësem besonnesche Gebuertsdag-Samschdeg d'Lies-Aktivitéiten net feelen. Ënner anerem Liesungen a verschiddene Sprooche vum Roland Meyer, Suza Kolb, Rachel Bright a Pauline Discry stoungen um Programm, esou wéi ee kreativen Atelier mam Anne-Marie Herckes.
Ma net just Kanner an Elteren hunn de Geschichten-Zieler nogelauschtert, och de Kulturminister Eric Thill war e Samschdeg kuerz op Besuch komm an de Cercle. Ee kuerze Pit-Stop op sengem Tour duerch d'Land um Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch.
Datum-technesch wier et éischter een Zoufall, datt déi 2 Evenementer op een Dag gefall sinn, sou d'Deborah Storn. D But dohannert wier awer dee selwechten: "Mir probéiere schonn, d'Lëtzebuerger Sprooch an eisen Aktivitéiten un de Mann an och d'Kanner ze bréngen, well et eben ee wichtege Bestanddeel ass vun eiser Vilfalt a vun eiser Gesellschaft."