Den Twing Raid ass ee Rallye fir de gudden Zweck. Iwwer 3.000 Kilometer mat engem Twingo 1 fueren, mat am Gepäck Wuer fir de gudden Zweck.
Et ass déi drëtt Editioun: 450 Twingoe ginn un den Depart, dorënner och e puer Lëtzebuerger Ekippen. Aus dem Escher Jonge-Lycée fueren zwee Autoe mat.
Am klenge mofe Gefier sëtzen den Gianni Mersch an den Diego Militello. Am gielen Auto sinn et de Christian Schaack an den Alain Berg.
Et war keng spontan Entscheedung, dëst Joer matzefueren. D’Preparatioune lafen elo schonn iwwert ee Joer, den Auto muss nämlech un d’Konditioune vum Rallye ugepasst ginn.
Beim Twing Raid matzemaachen, ass mat Käschte verbonnen, schonn eleng d’Aschreiwung ass am 4-stellege Beräich, dofir missten déi zwou Ekippen och Sponsore fannen, fir d’Aventure ze finanzéieren.
Den Auto muss tëschent 1992 a 2007 gebaut gi sinn, ma fir et duerch d’Wüüst ze packen, misste puer Ännerungen um Gefier gemaach ginn. D’Réckbänk gouf erausgeholl, fir genuch Plaz fir d’Ekipp an d’Gepäck ze hunn, dat ass awer net alles.
“Fir duerch de Sand ze kommen, ass den Auto héich geluecht ginn. Ënnendrënner kritt en och metalle Placken, fir de Motor an d’Boîte ze schützen”, erkläert den Diego Militello, Konschtproff aus dem LGE.
Banne gouf net nëmmen d’Réckbänk erausgeholl, déi zwee Proffen hunn och decidéiert, zwee méi bequeem Sëtzer vir anzebauen, genau esou wéi LEDen ze installéieren, fir wann et mol méi däischter dobaussen ass.
De gréissten Deel vum Gepäck sinn d’Spenden, déi musse mat geholl ginn. Well den Tour ass sécher eng Aventure a Spaass fir d’Participanten, mee d’Haaptmotivatioun ass, Spende fir de gudden Zweck an de Marokko ze bréngen. De Rallye schafft dofir mat zwou Associatiounen zesummen, eng Kéier mat Restos du coeur, fir Iessspenden a mat écoles du Maroc, déi Material fir Schoule sammelen.
All Auto muss op d’mannst 10 Kilo Wuere fir Restos du Coeur dobäi hunn, a wéinstens ee Schoulsak mat Material. Am mofen Auto ass eng ganz Këscht mat Spenden, déi vun de Schüler aus dem LGE gesammelt goufen.
D’Schoulmaterial gouf vun engem vun de Sponsoren zu Verfügung gestallt. D’Ekipp ass mat méi Schoulsäck ënnerwee, wéi vun der Organisatioun gefrot.
Bei esou vill Wuere fir de gudden Zweck bleift nëmme wéineg Plaz, fir eegent Gepäck. De groussen Challenge sinn d’Gewiicht an d’Plaz.“Mir mussen een Zelt mathuelen, mir schlofe puer Mol an der Wüüst am Zelt. Dann e bëssi Gezei mat, mee do kanns du net packen, wéi eng Vakanz vun zwou Wochen. E bëssen optimiséiert agepaakt”, erkläert den Gianni Mersch.
De Rallye fänkt an der Regioun vu Saint-Sébastien un. Déi zwou éischt Etappe ginn duerch Spuenien, ier et mam Boot an de Marokko geet. D’Arrivée ass dann eng Woch méi spéit zu Marrakesch.
Déi zwee Autoe vum Escher Jonge Lycée sinn am fréie Moien den 22. Februar fortgefuer. Domadder hu si zwee Deeg, ier den Depart de 24. Februar zu Irun a Spuenien ugepaff gëtt.
D’Course kann een iwwregens vun en Dënschdeg un och online mat verfollegen.