Informatiounen zu dem Tiger Woods sengem Gesondheetszoustand gouf et an engem éischten Ament net. Den Accident wier zu Jupiter Island a Florida geschitt, huet d’US-Tëleeschaîne ABC gemellt. De Sheriff-Büro vu Martin County huet net direkt op eng Ufro reagéiert, ma et gouf eng Pressekonferenz fir 17 Auer Lokalzäit ugesat.
An der Pressekonferenz huet de Martin County Sheriff John Budensiek du matgedeelt, datt den Tiger Woods festgeholl gi wier, nodeems hien an de Verdacht geroden ass, ënner Alkoholafloss gefuer ze sinn. De Woods wier mat engem Land Rover ënnerwee gewiescht, wou hien ee Pickup-Truck gekräizt huet, deen ee klengen Unhänger gezunn huet. Duerch d’Kollisioun wier dem Woods säi Gefier op d’Säit gerullt.
Scho virun dem Accident wier de Woods opfälleg gefuer an hätt de Pickup ëmmer nees mat héijer Vitess iwwerholl. Op der Plaz hätten d’Beamten du festgestallt, datt de 50 Joer ale Profi-Golfer ze vill gedronk hat. Hie wier net blesséiert ginn an hätt sech kënne selwer aus dem Auto befreien, huet et weider vum Sheriff geheescht.
Déi lokal Tëleeschaîne WPTV huet eng Foto vum Accident gewisen, an där ze gesi war, datt ee Gefier op d’Säit gekippt war.
Viru fënnef Joer war den Tiger Woods schonn emol an ee schroen Autosaccident involvéiert. Hie gouf beim Ongléck a Kalifornien schwéier um rietse Bee blesséiert. Hie gouf eng Rei kéieren operéiert a krut ënnert anerem eng Metallstëtz a säi Been. Och am Joer 2017 gouf et ee Virfall, wéinst deem hie festgeholl gouf, well hien am Verdacht stoung, voll gefuer ze sinn. Hien huet sech méi spéit schëlleg bekannt, récksiichtslos gefuer ze sinn.