Reouverture zu VeianenHotel Oranienburg: "E Projet, wéi deen hei, ass ni wierklech fäerdeg"

Anouk Siebenaler
Méi wéi 12 Joer stoung de Veianer Hotel Oranienburg eidel a just 8 Méint hat d’Ekipp sech Zäit ginn, fir den Hotel net just ze renovéieren, mä nei ze erfannen ...
Reouverture zu Veianen vum Hotel Oranienburg
“E Projet, wéi deen hei, ass ni wierklech fäerdeg”

Wéi de Pascal Zimmer den 30. Juli 2025 de Schlëssel fir de Veianer Hotel Oranienburg krut, ware seng Visiounen direkt grouss: Déi al Ikon net just reaniméieren, mä oppeppe war d’Zil. All eenzelt vun den 28 Zëmmer sollt säi ganz eegene Flair kréien, wéi e eis bei eiser éischter Visite am August scho präsentéiert

Fënnef Méint méi spéit sinn d’Aarbechte gutt viru komm, ma och vill vun de Visiounen hu geännert. Deels duerch Imprevuen, deels awer och einfach, well se sech anescht erginn hunn.

“Dat ass di Manéier, wéi mer schaffen” erkläert de Pascal Zimmer, “mir rutschen sou e bëssen an d’Saachen eran. Do si Saachen, déi net sou ginn, wéi geduecht an da si mer am Ufank e bësse frustréiert an da kënnt eppes Neies. An da si mer frou, dass et esou komm ass.”

Bis op e puer Fuitten a Panne mam Elektresch hätte sech d’Imprevuen a Grenze gehalen, seet de Pascal am Januar. Se wieren duerch e Filmdréi zwar e bëssen a Retard geroden, ma hie wier ëmmer nach optimistesch, den éischten Abrëll d’Dieren opmaachen ze kënnen:“Virdru ware mer wierklech ganz nonchalant an elo musse mer awer e bësse méi an d’Pusche kommen.”

Zwou Wochen ier den Hotel seng Dieren opmaache soll, steet offiziell de leschte Feischlëff um Programm. Wéi fein oder graff deen ass, hänkt vun den Ecker of, an déi ee kuckt: Zum Deel gi Glieser poléiert, op der anerer Säit gëtt eng nei Dier gespachtelt. Grond heivir ass e gréisseren Imprevu: Si hunn erausfonnt, dass den Hotel net konform war, wat de Brandschutz ugaangen ass. Kuerzerhand hunn de Pascal a seng Ekipp also decidéiert, d’Gebai a méi kleng Eenheeten ze ënnerdeelen. An de leschte Wochen hu si also Fënsteren a Brandschutzdieren agebaut, Fluchtweeër verkierzt an dofir gesuergt, dass all Eenheet hiren eegenen Agang huet.

Duerch déi nei Ënnerdeelung kréie se den ursprénglechen Timing net méi agehalen. Si halen zwar weiderhin doru fest, dass den Hotel den éischten Abrëll seng Dieren opmécht, allerdéngs ass et just en Deel vum Hotel. Déi weider Eenheete wäerten no an no fäerdeggestallt ginn. Als Scheitere gesäit de Pascal dat awer net: “Ech hunn e bëssen eng Approche – och eng Liewensapproche - dass de Chaos an d’Enmerdementer dozou gehéieren. Et huet een net just di schéi Momenter, heiansdo ass et och düster. Mä et ass e mega flotte Projet gewiescht an et ass nach ëmmer e flotte Projet. Wann ee mer seet: ‘Pascal, dat war awer séier fäerdeg’, da soen ech jo an nee. Well et ass nach net fäerdeg. Et ass an 2 Joer net fäerdeg an och an 10 Joer net. Ech mengen, soulaang wéi ech nach schaffe kann, ass et net fäerdeg.”

Back to Top
CIM LOGO