Benevolat bedeit, eppes ze maachen, ouni dofir entschiedegt ze ginn. Zu Lëtzebuerg engagéiert sech méi wéi en Drëttel vun der Populatioun fräiwëlleg. Trotzdeem ginn a ville Beräicher nach ëmmer Leit gesicht. Virun allem do, wou et ëm Bezéiung, Präsenz a Kontinuitéit geet. Eng vun dëse Plazen ass d’Puponnière vun engem Wunngrupp vun Elisabeth zu Esch.
Wéi d’Simone Zeimes an d’Prepensioun gaangen ass, war fir si séier kloer: si wollt sech benevole engagéieren. No verschiddenen Erfarungen huet si eng Aufgab fonnt, an där si opgebléit ass. Zanter sechs Joer kënnt si eemol d’Woch an d’Puponnière a verbréngt Zäit mat Kanner tëscht 0 a 4 Joer, déi do liewen, entweder no engem Urteel vum Jugendgeriicht oder duerch e fräiwëllege Placement.
“Ech hunn ebe keng Kanner a keng Enkelkanner, sinn awer immens frou mat Kanner”, seet d’Simone. “Dat war dofir mäi Wonsch, hinnen déi Zäit, déi ech elo hunn, ze schenken.”
Iwwer d’perséinlech Hannergrënn vun de Kanner weess d’Simone wéineg a genee dat ass och esou gewollt. D’Kanner hunn eng fest Bezuchspersoun am Team, d’Roll vun der Benevole ass eng aner. Esou no d’Relatioun am Alldag och ka sinn, et ginn däitlech Grenzen. D’Simone däerf d’Kanner net mam Auto mathuelen, si mécht se net frësch an ass net an d’Bettritualer agebonnen. Och emotional hält si eng gewëssen Distanz:
“Ech halen mech do zréck”, seet si. “D’Kanner si jo deelweis schonn eng Kéier abandonéiert ginn. Et ass besser fir si, wa si sech net ze vill u mech attachéieren. Mä och fir mech ass et méi einfach, wann owes net ee wëll mat mer heem goen. Sou freeë si sech einfach, dass ech d’nächst Woch erëmkommen.“