500 Liter Grappa saiséiertItalieenesch Enquêteuren decken illegal Brennerei op

RTL mat Enex
Ugefaangen huet alles mat der Kontroll vun engem Camion, dee Wäin transportéiert huet, obwuel de Chauffer net déi néideg Dokumenter konnt virweisen.
500 Liter Grappa saiséiert: Italieenesch Enquêteuren decken illegal Brennerei op
Et gouf eng Enquête wéinst Steierhannerzéiung an illegaler Produktioun vun Alkohol géint zwou Persounen

Enquêteuren hunn am Norde vun Italien eng illegal Brennerei opgedeckt. D'Finanzpolice vun Treviso huet eng Enquête lancéiert, nodeems e Camion kontrolléiert gouf, dee 750 Liter Wäin gelueden hat, ouni dass de Chauffer déi néideg Dokumenter konnt virweisen. Doropshi gouf eng Enquête lancéiert, an där hirem Verlaf e Wënzerbetrib kontrolléiert gouf.

Dobäi goufe grouss Onreegelméissegkeete festgestallt. Ënner anerem hunn 11.000 Liter Wäin am Stock gefeelt. D'Enquêteuren hu schliisslech eng geheim Brennerei fonnt. 500 Liter Grappa goufe saiséiert an et gouf eng Enquête wéinst Steierhannerzéiung an illegaler Produktioun vun Alkohol géint de Wënzer an de Bedreiwer vun der Brennerei an d'Weeër geleet.

Back to Top
CIM LOGO