Vun der Musel an de BaltikumLëtzebuerger Wäin op Erfollegswell an de baltesche Länner

Philippe Dondelinger
Wousst Dir, datt Lëtzebuerger Wäin iwwerall op der Welt gedronk gëtt? Eis Wäiner a Cremante si besonnesch beléift an de baltesche Länner, déi um Mier leien.
Lëtzebuerger Wäin op Erfollegswell an de baltesche Länner
Wousst Dir, datt Lëtzebuerger Wäin iwwerall op der Welt gedronk gëtt? Eis Wäiner a Cremante si besonnesch beléift an de baltesche Länner, déi um Mier leien.

A Lettland, Estland a Litauen kann een a Wäi-Buttiker oder Supermarchéë Wäi kafen, deen am Lëtzebuerger Museldall produzéiert gëtt an deen een och op der Plaz a Baren a Restaurante genéisse kann.

Eng iwwerraschend Präsenz wäit ewech vun der Musel
 
Bal 2.000 Kilometer vun eiser Musel ewech: Lëtzebuerger Wäin an de baltesche Länner, dat kléngt iwwerraschend, ass awer Realitéit. Lettland, zesumme mat Estland a Litauen, gehéiert zu de wichtegsten Export-Marchéë fir Lëtzebuerger Wäin. D’Land ass esouguer an den Top 10 vun de Länner, an déi Lëtzebuerg am meeschte Wäin exportéiert, nach virun den USA. Mee wéi kënnt et zu dësem Erfolleg?

Lëtzebuerger Wäin an de Regaler vu Riga 

An der lettescher Haaptstad Riga fënnt een an e puer Quartiere ganz spezialiséiert Wäi-Butteker, wou Dosende Fläsche vun der Musel nieft däitsche Wäiner an de Regaler stinn.

Eng Entreprise, déi zanter 16 Joer aktiv ass, bitt ronn 300 Referenze vu Muselwäiner un, verdeelt iwwer Wäikelleren, Supermarchéen a Restauranten. Dozou gehéieren ënner anerem Cremanten a Wäiner aus Drauwenzorte wéi Riesling, Pinot Gris, Pinot Blanc, Auxerrois oder Rivaner.
D’Promotioun vun dëse Produite gëtt vu passionéierte Fachleit gedroen, déi d’Finessen an d’Eleganz vun de Lëtzebuerger Wäiner schätzen.

D’Musel: Ursprong vun der Qualitéit 

Op 42 Kilometer tëscht Schengen a Waasserbëlleg zitt sech d’Musel duerch eng Landschaft voller Wéngerten. Hei profitéiert de Wäibau vun engem gënschtege Mikroklima an ideale Biedem, déi besonnesch fir frësch a fei Wäisswäiner an och fir Cremant gëeegent sinn.

Mat bal 1.200 Hektar Wéngerten an engem Export Undeel vu ronn engem Drëttel spillt den internationale Marché eng wichteg Roll fir d’Branche.

Export als Schlëssel zum Succès 

Bei grousse Produzenten, wéi der Kooperativ Domaines Vinsmoselle, mécht den Export bal 35% vum Verkaf aus. Lëtzebuerger Wäiner ginn an d’Grenzlänner, an d’USA, a Skandinavien an natierlech an d’baltesch Staaten exportéiert.

Den Interessi ass esou grouss, datt reegelméisseg Visiteuren aus de baltesche Länner op Lëtzebuerg kommen, fir Degustatiounen an Ateliere ronderëm de Wäin ze erliewen.

E Wäi-Festival mécht Lëtzebuerg bekannt 

Zu Riga gëtt all Joer en internationale Wäin- a Schampes Festival organiséiert. Dëst Evenement bréngt Professioneller a Passionéierter aus ronn 15 Länner zesummen. Och Lëtzebuerg ass do vertrueden, a mat Erfolleg: Bei enger rezenter Editioun gouf e Lëtzebuerger Cremant mat enger Bronze-Medail ausgezeechent.

Dës Plattform erlaabt et, eis Wäiner nieft internationale Produiten ze positionéieren an nei Clientèle z’erreechen.

Eng Nisch mat Potenzial 

An Zäite vun engem globale Réckgang vum Wäikonsum gëtt Qualitéit ëmmer méi wichteg. Lëtzebuerger Produzente setzen dofir geziilt op Exportmäert wéi d’baltesch Länner, wou d’Nofro stabil an dynamesch bleift.

Wënzer wéi de Marc Desom exportéieren zanter Joren an dës Regiounen a bauen do laangfristeg Relatiounen mat Fachleit an och mat Konsumenten op.

Lëtzebuerger Cremant bis an Estland 
Och an Estland, iwwer 2.000 Kilometer vun der Musel ewech, gëtt Lëtzebuerger Wäin zerwéiert. An enger Bar an der Stad Tartu gëtt ënner anerem Cremant aus Lëtzebuerg gedronk.

D’Clientë schätzen déi fei Blosen, dat Frëscht ,d’Blummen Aromaen an och dat gutt Präis-Leeschtung Verhältnis am Verglach mat Schampes.

Wäin als Bréck tëscht Kulturen 

Mat bal 3 Millioune Liter exportéiertem Wäi pro Joer baut Lëtzebuerg säi Ruff als Wäi Land weider aus. D’Geschicht vum Lëtzebuerger Wäin an de baltesche Länner weist: Wäi ka Grenzen iwwerwannen, Kulture verbannen an den Know-how vun enger Regioun wäit iwwer hir geographesch Grenzen erausdroen.
Eng Erfollegsgeschicht mat Ursprong op eiser Musel.

Back to Top
CIM LOGO