Am Melusina an der StadMünchener Studentecercle huet 25. Anniversaire gefeiert

Emma Felgen
Schonn zanter 25 Joer gëtt et de Münchener Studente-Cercle, kuerz den LSM. Dat gouf leschte Sonnden am Melusina gefeiert an et gouf op déi lescht 25 Joer zeréckgebléckt.
© Emma Felgen / RTL

Am Kader vun der éischter REEL zu München ass de Veräi vun de Studenten offiziell zu enger ASBL ginn. All Joer organiséiert de Comité speziell Aktivitéite fir hir Memberen. Vu Summerrees, iwwer Schivakanz, bis hin zum Stammdësch.

Lëtzebuerger Studenten zu München

De Yann Windeshausen ass zanter zwee Joer Präsident vum Cercle. Fir hien ass den LSM méi, wéi nëmmen ee Studente-Cercle.

“Frëndschaft op jidder Fall. Akzeptanz vis-à-vis vun all Genre. Mir sinn immens villfälteg, wéi mir optrieden an ee Stéck Heemescht an enger anerer Stad[…] Als nächst freeën ech mech lo op d’Summersemester. Do hu mir immens flott Eventer geplangt. Dat geet ganz schéin. Eis Summerrees dëst Joer geet dann op Ljubliana, do freeën ech mech och drop. An dann effektiv - am Juni ass Schluss fir mech. Do halen ech op als President, mee da freeën ech mech fir nach een, zwee Joer mam LSM dobäi ze sinn, ouni mussen ze organiséieren. Dat gëtt och richteg schéin.”

Yann windeshausen
© Emma Felgen / RTL

Ee generatiounsiwwergräifenden Austausch vun aktiven a fréiere Memberen iwwert hir Studienzäit an der bayrescher Haaptstad ass d’Zil vum Owend.

Net ëmmer einfach ass et fir de Comité, niewent dem Studium alles op d’Been an op nei Iddien ze kommen. D’Efforte komme bei de Studenten un. Sou och beim Lisa Wolles, Kelly Glodt a Marie-Laure Martin, déi vill Emotioune mam LSM verbannen.

  • “Mäin Highlight sinn d’Leit op alle Fall, déi ee kenneléiert. Et ass een sou wéit ewech vun doheem an et fënnt een awer sou seng Famill zu München. Et kennt een als jonken Ersti op München an et ass ee bësse verluer, an op eng Kéier léiert ee sou vill nei Leit kennen, déi ee fir d’Liewen dann huet.”
  • “Also ech si ganz eleng op München komm, ech hat keen. Meng bescht Kolleegen si lo déi Leit, déi ech zu München kennegeléiert hunn. Also den LSM huet mir ganz vill ginn also och ech sinn erwuesse ginn. Keng Anung, ech sinn einfach dankbar fir déi Zäit.”
  • “Grad ass jo de 25-Joer-Anniversaire vum LSM an ech ka lo scho soen, ech freeë mech op den 30.. Et gesäit ee lo schonn déi aner Leit, déi heihinner kommen - aktuell sinn ech och nach Student, mee a 5 Joer géing ech mengen dass et och immense flott kéint sinn, fir op déi schéin Zäit zeréckzekucken.”

Ob zesummen op d’Oktoberfest, Quiz-Owender oder verschidde Sporteventer: Studente-Cerclë kënne fir vill Studenten eng Platz sinn, déi se zesummebréngt. Sou och beim Münchner.

© Emma Felgen

Kuckt hei nach emol d’Fotoe vum Münchener Bal:

Back to Top
CIM LOGO