
Kéint et e Fragment vun der Internationaler Weltraumstatioun (ISS) gewiescht sinn, dat e Freideg nees an d’Äerdatmosphär agetrueden ass?
D’Plattform mat Batterien, ongeféier esou grouss wéi een Auto, gouf schonn am Mäerz 2021 vun der ISS geléist, a koum zanterhier der Äerd ëmmer méi no. Beim Antrëtt an d’Äerdatmosphär verglousen esou Fragmenter allerdéngs meeschtens komplett.

Ma well eng geréng Warscheinlechkeet bestoung, datt d’Fragment vun der ISS op d’Äerd gefall kéint kommen, waren an Däitschland fir e Freideg eng Rei Virsiichtsmoossname getraff ginn.
Och zu Lëtzebuerg - virun allem am Norde vum Land - gouf et e Freideg eng gewësse Warscheinlechkeet dofir, datt Fragmenter kéinten erofkommen, oder op d’mannst ze gesi kéinte sinn, wéi de Wëssenschaftsjournalist Ranga Yogeshwar am Virfeld am Gespréich mat RTL confirméiert huet.
Kéinten d’Fotoen, déi e Freideg den Owend vun eisem opmierksame Lieser Marc Muller vum Himmel iwwer Groussbus opgeholl goufen, weisen, wéi d’Stéck iwwer Lëtzebuerg flitt?
Dem Dr Tim Flohrer no, Chef vun der Space Debris Office zu Darmstadt, wier d’Fragment géint 20.29 Auer eiser Zäit ëstlech vun der südamerikanescher Hallefinsel Yucatán iwwert dem Atlantik nees an Äerdatmosphär agetrueden. “Eng Siichtung iwwer Lëtzebuerg do virdrun ass am Prinzip méiglech, well den Objet nach am Orbit war a warscheinlech nach intakt war”, heescht et vun der ESA.
D’Fotoe vu Groussbus goufen ëm 19.22 Auer opgeholl. Mat enger Ongeneeëgkeet vun e puer Minutte wier eng Observatioun fir Stärekuckerten zu Lëtzebuerg géint 19:20 Auer CET ënner gewëssen Ëmstänn effektiv méiglech gewiescht, esou den Dr Tim Flohrer weider.
Fir eng definitiv Confirmatioun bräicht een awer och nach méi genee Informatiounen doriwwer, a wéi eng geographesch Richtung d’Fotoen opgeholl goufen, heescht et vun der ESA: “Den Objet ass aus dem Westen a Richtung Osten iwwert den Himmel gezunn.”
Tatsächlech wier den Objet aus der Richtung vu Baaschtnech um Himmel opgedaucht a wier weider a Richtung Äifel geflunn, esou de Marc Muller, deen d’Foto gemaach huet - eng Trajectoire vu Westen no Osten also.
Eng Spriecherin vum Weltraumlagezentrum vun der däitscher Bundeswehr huet dem “Stern” géigeniwwer confirméiert, datt d’Fragment e Freideg den Owend och iwwer Däitschland ze gesi war. Ëm 19.21 Auer wier de Batterië-Pak vu Westen aus an 139 Kilometer Héicht iwwer d’Mëtt vun Däitschland geflunn.
Ëm 19.17 Auer gouf iwwerdeems eng Siichtung iwwer Vechta an Niedersachsen matgedeelt.