
De World Health Day gëtt all Joer de 7. Abrëll gefeiert a steet ënner dem Patronat vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO). Zanter 1950 gëtt dësen Dag genotzt, fir weltwäit op wichteg Gesondheetsthemen opmierksam ze maachen.
All Joer steet de World Health Day ënner engem anere Motto, vu mentaler Gesondheet iwwer Klimawandel bis hin zu universeller Gesondheetsversuergung. Dësen Dag ass Deel vun enger ganzer Rei vu weltwäite Campagnen, déi d’WHO organiséiert.
Dëst Joer ass de Motto: “Together for health. Stand with science.“ Deemno “Zesumme fir d’Gesondheet. Stell dech hannert d’Wëssenschaft.“
D’WHO wëll d’Roll vun der Wëssenschaft an der internationaler Zesummenaarbecht ënnersträichen. An enger Zäit vu komplexe Gesondheetsrisike soll sech d’Gesellschaft op Fakten an evidenzbaséiert Wësse stäipen. D’Organisatioun schafft zesumme mat Partner un Theme wéi Impfungen, Infektiounen, Ernierung oder mentaler Gesondheet. Dobäi geet et net nëmmen ëm Fuerschung, mee och dorëms, dës Erkenntnisser konkret ëmzesetzen an den Zougang zu de Gesondheetsservicer weltwäit ze verbesseren.
Fortschrëtter an der Gesondheet wiere just méiglech duerch Zesummenaarbecht an duerch Vertrauen an d’Wëssenschaft, dat de Message, deen d’Weltgesondheetsorganisatioun dëst Joer um 7. Abrëll verbreede wëll.