RTL-Journalist am Lënster LycéeFake-News, kënschtlech Intelligenz an aner Gefore vum Internet

RTL Lëtzebuerg
An de leschte Joren ass d’KI ëmmer méi wichteg bei dëse Course ginn, virun allem well et ëmmer méi komplizéiert gëtt, fir mam bloussen A z'erkennen, ob et sech ëm e Fake handelt oder net.
© Lënster Lycée

Zënter elo scho puer Joer reesen eng Partie un RTL-Journalisten am Kader vum Lie-Detectors-Programm a Schoul-Klassen uechtert Land, fir hei Schüler op der enger Säit iwwert Fake-News opzeklären, wéi awer och op der anerer Säit ze weisen, wéi Journalisten an esou engem schwieregen Ëmfeld schaffen an agéiere mussen. Den 11. Mäerz war beispillsweis den David Winter vun der RTL-Online-Redaktioun an der International School vum Lënster Lycée, méi präzis bei enger Klass, déi sech fir d’Schülerzeitung “The Lëns” engagéiert.

A grad well dës Schüler schonn Erfarunge beim Schreiwe vun Artikelen am Virfeld gesammelt hunn an deels wëssen, wat fir Challengen als Journaliste op een duer komme kënnen, war den Interessi an de Virwëtz deen Dag natierlech besonnesch grouss.

De Schwéierpunkt deen Dag war op der enger Säit mat Hëllef vu Beispiller z’erkennen, ob et sech ëm Fake-News bei enger Noriicht handelt oder net, respektiv wat ee selwer maache kann, wéi eng Toolen ee benotze kann, fir dës Fakes z’erkennen. An de leschte Joren ass d’KI ëmmer méi wichteg bei dëse Course ginn, virun allem well et ëmmer méi schwéier gëtt, fir mam bloussen A z’erkennen, ob et sech ëm e Fake handelt oder net. War et virun zwee Joer nach deels kloer, ass de Fake haut deels iwwerhaapt net méi vun der Realitéit z’ënnerscheeden. Mat Hëllef vu konkrete Beispiller kruten d’Schüler gewisen, wéi einfach et ass, falsch News séier ze verbreeden a wéi schwéier et dogéint ass, dës Fake-News z’entdecken, se als falsch duerzestellen an se nees fortzekréien.

Niewent den Tools déi d’Schüler bäibruecht kréien, fir sou Fake-News z’entlarven, goufen och d’Challengë vum Journalismus an deem Kontext ervirgestrach e behandelt. Mat Hëllef vu Beispiller an Übungen gouf hei gewisen, wéi séier een als Journalist Feeler mécht, an esou “ongewollt” falsch News an d’Welt setzt. Och wann et en Ënnerscheed gëtt, tëscht gezillter Falschinformatioun a journalistesch ongewollte Feeler, ass den Endproduit leider fir de Konsument dee selwechten.

Ënnert anerem gouf d’Klass opgefuerdert, sech an zwou “Redaktiounen” opzedeelen. Béid Redaktioune hu fir en ënnerschiddleche Public geschriwwen, dat iwwert dat selwecht Thema. Bei dëse Simulatioun ass séier kloer ginn, wéi ënnerschiddlech béid Sujete um Enn behandelt goufen a wéi einfach een en Text an eng Richtung lenke kann.

Back to Top
CIM LOGO