D'KI kënnt bei der Nationalbibliothéik esouwuel als Chatbot wéi awer och als Programm, fir Texter néierzeschreiwen, an den Asaz.

D‘Lëtzebuerger Nationalbibliothéik setzt elo op Kënschtlech Intelligenz. Wou soss ee Mënsch d‘Texter huet missen néierschreiwen, mécht dat elo eng KI. "Transkribus" heescht se an erméiglecht der Nationalbibliothéik schwéier liesbar Handschrëften ze entzifferen an digital ze späicheren.
 
Zanter 20 Joer digitaliséiert d‘Nationalbibliothéik Texter, déi si op hirem Site eluxemburgensia.lu verëffentlechen, elo nei ass awer, dass ee Manuskript vun enger kënschtlecher Intelligenz digitaliséiert an transkribéiert gouf, es den Yves Maurer, Responsabele vun der IT.
 
"Dat heescht, et kann een no de Wierder, déi am Text stinn, sichen. An déi Aart a Weis, wéi mir dat gemaach hunn, dat ass eeben unhand vun engem KI-Modell, dee mir untrainéiert hunn, bei enger Software, déi zwar schonn existéiert, mä wou de Modell vun eis untrainéiert ginn ass."  
Fir dës kënschtlech Intelligenz ze trainéieren, muss een hir vill Beispilltexter ginn, mat där se da léiert, nei Texter z'erkennen. Duerno muss awer nach ëmmer ee Mënsch d‘Maschinn op Feeler préiwen. D‘Handschrëften ze entzifferen, wier net ëmmer esou einfach, seet de Claude D. Conter, Direkter vun der Nationalbibliothéik.
 
"Wéi liesbar ass déi Handschrëft? Mir gesinn, dass ab dem 19. Joerhonnert sech Handschrëften individualiséieren, dat heescht, wa mir Handschrëften hu vu virun 1800 an enger zum Beispill sou genannter Kanzleischrëft, dann huet se eng gewësse Reegelméissegkeet, wat et natierlech méi einfach mécht, fir e Modell unzeléieren. Ab deem Moment, wou d‘Handschrëft sech individualiséiert, da kënnt mat dobäi, dass ganz vill Dokumenter zu Lëtzebuerg multilingue sinn."
 
Et hätt een domat awer schonn immens vill Zäit gespuert. Transkribéiert gouf elo fir déi éischte Kéier emol eng Autobiographie vum Louis Joseph Zelle, engem gebiertege Lëtzebuerger, deen an der hollännescher Kolonialarméi gedéngt huet, zielt den Direkter vun der Nationalbibliothéik.

"Et ass ee vun de ganz seelenen Zeugnisser vun engem Offizéier, deen esou ausféierlech eng Vue gëtt op dat, wat innerhalb vun der Kolonialarméi passéiert ass, a souwuel militäresch Informatiounen, wéi och militäresch-politesch Informatiounen. Et ass ee wichtegt Dokument fir d‘Kolonialgeschicht vun Holland ze verstoen."
 
Op eLuxemburgensia.lu gi Manuskripter digital online publizéiert. Hei fënnt een och de weltwäit éischten Chatbot an der Bibliothéikslandschaft, deen op Basis vu kënschtlecher Intelligenz schafft an de Benotzer all Fro beäntwere soll. KI soll awer net de Mënsch ersetzen, mä eng Hëllefsstellung sinn, fir heefeg an zäitopwänneg Aarbechten ze iwwerhuelen a besser Léisunge fir Mataarbechter a Clienten ze bidden. Esou nach den Direkter vun der Nationalbibliothéik.