China presentéiert nei arméiert "Roboter-Wëllef"

Déi méi al Generatioun vu Roboter-Hënn bei enger Inspektioun vun der kambodjanescher Arméi am Mee 2024. / © TANG CHHIN SOTHY and TANG CHHIN SOTHY / AFP
China huet eng nei Generatioun vu bewaffnete "Roboter-Wëllef" presentéiert, déi an Zukunft d'Roll vu mënschlechen Zaldote sollen iwwerhuelen.
Déi neiste militäresch Roboter vu China, bekannt als bewaffnet "Roboter-Wëllef", wieren der staatlecher Televisioun CCTV no dorop ausgeluecht, fir sech onopfälleg un e Feind erunzeschläichen, präzis Schëss ofzeginn an a schwéier zougängleche Géigenden ze funktionéieren. CCTV huet gemellt, datt dës Roboter eng weiderentwéckelt Versioun vun den existéierende "Roboter-Hënn" wieren a mënschlech Zaldote kéinten a geféierleche Situatiounen ersetzen, fir d'Zuel vun Affer am Kampf ze reduzéieren.
China investéiert zanter Jore massiv an d'Robotik – e Beräich, wou verschidden Experten der Meenung sinn, datt China d'USA vläicht schonn iwwerholl hätt. Déi chineesesch Arméi demonstréiert reegelméisseg hir technologesch Innovatiounen, dorënner och sougenannten Hightech-Waffe wéi dës Roboter, bei Militär-Manövere mat Partnerlänner wéi Kambodscha.
An engem Video, deen e Mëttwoch vu CCTV gepost gouf, gesäit een déi nei Versioun vum "Roboter-Wollef" mat engem Gewier um Réck duerch e Schluechtfeld voller Damp marschéieren. Déi beweeglech Maschinne klammen Trapen erop, droe schwéier Rucksäck a gräife Mannequinen un, wéi een op de Biller gesäit.
Och wa se bal identesch wéi déi scho méi typesch Roboter-Hënn vum Militär ausgesinn, hu se CCTV no verbessert "Opklärungs- an Ugrëffskapazitéiten". "Si kënnen duerch verschidde Géigenden navigéieren an aus bis zu 100 Meter e präzise Schoss ofginn", sou d'Televisiounschaîne weider.
Am Krich kéinten dës Roboter wéi e Wollefsruddel funktionéieren, bannent deem Aufgabe verdeelt a koordinéiert ginn, esou de staatleche Bericht. Esouguer e "Ruddel-Leader", dee verantwortlech ass, fir Zil-Informatiounen ze sammelen an Opklärungsbiller weiderzeleeden, soll et CCTV no ginn. Aner Roboter géifen d'Aufgab hunn, op Feinden ze schéissen oder Material a Munitioun ze transportéieren, sou de Sender.
Dës nei Roboter kéinten drop hindeiten, datt d'Zukunft vum Schluechtfeld méi automatiséiert a méi déidlech wäert ginn, sou e Professer op der nationaler Universitéit vu Singapur. Dëst déngt "deelweis dozou, fir doheem den Nationalstolz ze stäerken, mee och fir potenziell Géigner no baussen ofzeschrécken", sou de Fuerscher.