Soll bis 2030 a Betrib goen
NASA wëll Medieberichter no Atomreakter um Mound bauen

© POOL/AFP/Archiv/ANDREW CABALLERO-REYNOLDS
Dem Noriichteportal Politico no, deem intern Dokumenter virleien, wéilt d'NASA an deenen nächsten zwee Méint Virschléi aus der Industrie préiwe loossen.
Geplangt ass deemno en 100-Kilowatt-Reakter. Déi genee Pläng sollen an deenen nächsten Deeg verëffentlecht ginn. De Reakter soll iwwerdeems bis 2030 a Betrib goen. Grond heifir wier ënner anerem de Konkurrenzkampf mat China. Peking plangt, déi éischt chineesesch bemannt Moundmissioun an ausserdeem géif d'Gefor bestoen, datt déi éischt Natioun mat engem Atomreakter um Mound eng "Ausschloss-Zon" ausruffe kéint.
Am meeschte gelies