Jo, dir hutt richteg héieren. Elo koum e besonnescht Buch eraus, e Kannerbuch iwwert de Bitcoin.

Fir d'Finanzwelt ass de Bitcoin e wichtegen Deel vun der Weltwirtschaft. Am Ufank war en e puer Cent wäert, den Ament, also 15 Joer méi spéit, läit e bei ëm déi 100.000 Euro. De Julien Contreras huet elo e Buch geschriwwen, iwwert dat déi Jonk elo scho léiere kënnen, wéi dee System funktionéiert an och d'Elteren eppes bäiléiere kënnen. Fir hien ass et wichteg, dass d’Kanner fréi genuch iwwert d'Kryptowärung opgekläert ginn, well dës Wärung an der Zukunft nach vill bedeite wäert.