Éischten Observatiounssatellit aus Lëtzebuerg gëtt op Orbit bruecht

© AFP
Den NAOS-Satellit (National Advanced Optical System) gëtt en Donneschdeg mat enger Falcon-9-Rakéit vu SpaceX a Kalifornien an de Weltall transportéiert.
Et ass deen éischten Observatiounssatellit vu Lëtzebuerg.
Biller an héijer Opléisung aus dem All
NAOS ass Deel vum nationale Programm LUXEOSys (Luxembourg Earth Observation System). Dëse soll an enger Ëmlafbunn a ronn 450 Kilometer Héicht Biller vun der Äerd maachen. Déi Datë kënne fir militäresch an zivil Zwecker genotzt ginn, zum Beispill am Kader vun der Verdeedegung oder fir Partnerorganisatiounen ewéi d’NATO.
De Satellit, dee vun der Firma OHB Italia gebaut gouf, huet e Gewiicht vu ronn 645 bis 800 Kilo a soll ongeféier siwe Joer am Asaz bleiwen. Am Prinzip ass d’Liewensdauer vu Satellitten awer vill méi laang.
Lancement a Landung a Kalifornien
De Lancement ass op der Vandenberg Space Force Base a Kalifornien. D’Rakéit benotzt de Booster B1063, dee schonn a méi wéi zwanzeg Lancementer agesat gouf. Nodeems d’Sektioun mam Haaptsatellit an d’Ëmlafbunn bruecht gouf, soll de Booster op der Landing Zone 4 erëm zréck op d’Äerd kommen.
Nieft dem NAOS ginn och aner Satellitte mat transportéiert, dorënner LEAP-1 vun Dhruva Space, zwou Eenheete vu Planet Labs an dräi sougenannt FFLY-Satellitten.
Bedeitung fir Lëtzebuerg
Lëtzebuerg kritt en eegent Instrument fir héichopléisend Observatiounsbiller, déi bis elo nëmme limitéiert zougänglech waren. Nieft der Verdeedegung kënnen d’Donnéeën och beispillsweis fir Ëmwelt-Analyse genotzt ginn.
De Projet ass eng strategesch Investitioun a soll d’Roll vu Lëtzebuerg als Weltraum-Natioun weider stäerken. Dobäi huet dësen Observatiounssatellit eng laang an net onëmstridde Virgeschicht, virun allem wéinst dem Budget, dee carrement explodéiert war. De Projet vum deemolegen Arméisminister Etienne Schneider war just virun de Wale mat 170 Milliounen Euro ugeholl ginn. Zwee Joer drop hat d’Chamber awer mussen eng Rallonge op 309 Milliounen stëmmen. Déi ganz deemoleg Oppositioun, dorënner d’CSV, haten deen Ament dogéint gestëmmt an eng Enquêtëkommissioun gefrot. De Luxeosys-Satellit sollt u sech schonn 2022 op Orbit geschéckt ginn. De Start gouf awer wéinst Problemer mat den Ariane-Rakéiten no hanne verréckelt.
De Launch ass fir de 26. August owes 21.30 Auer eiser Zäit geplangt. Op rtl.lu wäert Dir de Start live suivéiere kënnen. Allerdéngs muss d'Wieder matspillen. Weider sougenannt Start-Fënstere sinn an den Deeg duerno geplangt, falls den Depart verréckelt sollt ginn.