
E Sonndeg de Mëtteg géint 13:30 Auer gouf der Police e Mann zu Déifferdeng gemellt, dee sech virun enger Fra ausgedoen huet. Kuerz Zäit drop gouf dunn e weideren änleche Fall gemellt.
Eng Patrull vun der Police konnt de Mann nom zweete Fall du lokaliséieren. Well dëst net déi éischte Kéier war, dass de Mann dëst gemaach huet, gouf hien op Uerder vum Parquet festgeholl an hat e Méindeg Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.
E Sonndeg den Owend da gouf och nach e Mann gemellt, deen an enger Wunneng zu Esch-Uelzecht war, obwuel hien domadder géint eng Wegweisung-Decisioun vum Geriicht verstouss hat. Rechtlech gesinn duerft de Mann sech also net do ophalen.
Wéi d'Police op d'Plaz komm ass, war de Verdächtegen ëmmer nach do. Op Uerder vum Parquet gouf hie festgeholl a koum och e Méindeg virun den Untersuchungsriichter.