An eisem RTL-Stream konnt Dir dem Dr. Gérard Schockmel är Froe stellen.

Wann een de Coronavirus hat, ass een da genee esou gutt geschützt wéi wann ee geimpft ass? Wéi ass et mat der Impfung wärend der Schwangerschaft oder wann een niert? Soll ee vum Booster-Vaccin profitéieren, wann een eng Invitatioun kritt? A wéi dacks muss ee sech iwwerhaapt nach impfe loossen?

Wellebriecher - Episod 32 (Resumé)
Spezial-Episod mam Dr. Schockmel: Är Froe ronderëm d'Thema "Impfungen".

Dat waren nëmmen e puer vun de ganz ville Froen, déi Dir en Dënschdeg am Spezial-Episod vun eisem Podcast Wellebriecher gestallt hutt an op déi den Dokter Gérard Schockmel geäntwert huet.
De Gros vun de Leit huet Interêt drun, sech eng drëtte Kéier impfen ze loossen, wann e bis eng Invitatioun kritt, seet den Dokter Gérard Schockmel.

Am Summer, wéi iwwert eng drëtt Dosis geschwat gouf, wier nach driwwer diskutéiert ginn, ob dat elo schonn néideg ass, déi wëssenschaftlech Donnéeën, déi een an Tëschenzäit um Dësch leien, ginn eng kloer Äntwert. "Déi Donnéeën, déi mer hunn, kommen haaptsächlech aus Israel. Se weisen, datt Leit déi dräi Impfungen hunn, am Verglach mat Leit, déi just zweemol geimpft sinn, datt déi bis zu 20 Mol besser virun enger Infektioun geschützt sinn an 10 Mol méi geschützt virun enger schwéierer Erkrankung. Dat ass vill méi dramatesch, wéi mer eis dat virgestallt haten."

De Gérard Schockmel erënnert och drun, datt déi aktuell Impfungen géint d'Wuhan-Variant entwéckelt goufen, also déi alleréischt Variant. Bei 3 Dosisse géing ee feststellen, datt d'Leit awer och besser géint déi Variante geschützt sinn, déi an Tëschenzäit Iwwerhand geholl hunn. "Eisen Immunsystem ass wansinneg intelligent. E kritt déi selwecht Substanz fir d'Drëtt gesprëtzt an trotzdeem entwéckelt en eng méi breet Immunitéit. Op där enger Säit hëlt d'Immunitéit of, dat ass bei jidderengem esou, op där anerer Säit sinn ëmmer nei Varianten, déi zirkuléieren. Mir wëssen net, wat eis no Delta erwaart, ob Delta plus Varianten e Problem maachen."

Et gi Leit, déi stelle sech d'Fro, wéi dacks se sech iwwerhaapt mussen impfe loossen. Mat der Basisimmunisatioun, also deem éischten an deem zweete Vaccin, plus dem Booster misst et mol eng Zäitche gutt sinn, seet de Gérard Schockmel. Mä dono? "Wat ech mer géing virstellen, wier elo net, datt mer nach eng Kéier eng véiert Kéier géinge geimpft ginn, mat deenen Impfstoffer, déi mer schonn haten, mä datt, je nodeem wéi d'Situatioun mat der Varianten ass, mer da vläicht en Impfstoff kréien, deen ugepasst ass. Dee speziell zougeschneidert ass op déi nei Varianten."

Vill Leit hunn den Dokter Schockmel och gefrot, wéi et  mat den Antikierper ass, firwat déi net berécksiichtegt ginn. An deem Fall, explizéiert den Expert, missten individuell Impfdecisioune geholl ginn, eppes wat logistesch warscheinlech net ze packe wier.