Am RTL Studio war den Dokter Tom Dentzer vum Gesondheetsministère fir op déi lescht Joren an och déi aktuell Situatioun zréckzekucken.

RTL
Wellebriecher - Episod 38

Zanter leschte Freidegowend sinn d’Coronamesüren zu Lëtzebuerg méi labber ginn, dat freet vill Leit, awer vill Leit sinn och besuergt, well et dach vill Infektiounen zur Zäit ginn, duerch déi Sub-Variant vum Omikron.

Geet et elo net e bëssi ze séier bei eis? Wéi soll ee sech am beschten uleeën? Muss ee sech wierklech domadder elo offannen, datt een de Virus dann elo kritt? Wéi gesäit et mat der Impfflicht aus? Wat huet eis dës Pandemie geléiert fir d'Zukunft? Fir aner Krankheeten?