Temoignage iwwert de Long Covid

An iwwer 30 Episoden hu mer iwwert een Thema nach net am Detail geschwat, de Long Covid. Wat ass gewosst? Wat gëtt zu Lëtzebuerg fir d Patiente ugebueden?
Eng 440 Leit zu Lëtzebuerg hunn zanter August zejoert musse mat de Symptomer vu Long-Covid behandelt ginn. Dat ass déi offiziell Zuel. Wéi vill et der awer wierklech sinn, ass schwéier ze erfaassen. Ënner anerem och, well d'Symptomer extrem ënnerschiddlech sinn. Se reeche vu Kappwéi iwwer Kuerzootmeschkeet, bis hin zu Problemer mat der Memoire. Ee vun de Long-Covid-Patienten ass d'Eugénie Probst.
Si war an dem RTL-Podcast Wellebriecher zu Gaascht. Viru bal genee engem Joer huet si sech mam Coronavirus infizéiert a schafft och haut nach schwéier drun, erëm zu hirer aler Form zréckzefannen. D'Eugénie Probst erzielt wéi hire momentanen Alldag am Rehazenter ausgesäit.
"Op Geräter gëtt d'Muskulatur erëm opbaut, déi deels komplett verluer gaangen ass. D'Konditioun gëtt beim Kiné gestäerkt. Dann hunn ech och Ergotherapie als Hëllef, fir am Alldag besser eens ze ginn. Fir besser Trapen ze goen a Kraaft an d'Hänn ze kréien. Ech kréien den Ament emol keng Fläsch Waasser méi op. Oder ech maachen do och nach Exercicer, fir meng Memoire ze verbesseren."
Am Rehazenter trefft d'Eugénie Probst vill Leit, déi en änlecht Schicksal deelen. Mat deem Erlieften ëmzegoen, fält hier bis haut schwéier. Et géing ee sech machtlos fillen a villes net méi packen am Alldag. Fir d'Zukunft hofft si fir aner Covid-Patienten, datt de Long-Covid eng besser Unerkennung fënnt an déi Betraffen net missten deels e laange Wee goen, bis se hir Behandlung am Rehazenter kënnen ufänken.

Lauschtert hei déi ganz Episod