Wat bedeit d’Omikron-Well fir Lëtzebuerg?

Wat wësse mer iwwert d’Omikron-Variant, wat nach net a wéi ass aktuell d’Situatioun zu Lëtzebuerg?
D'Neiinfektioune sinn a Rekordhéicht geklommen. Ëm déi 2.000 Leit goufe pro Dag a leschter Zäit positiv op de Covid19 getest. Dat wërft vill Froen op an ass e Grond fir eis Kolleegen d'Marie Gales an de Pierre Weimerskirch, de Podcast "Wellebriecher" nees opzehuelen. An der mëttlerweil 34. Episod vum RTL-Wellebriecher diskutéiere si iwwert den aktuelle Wëssensstand.D'Zuel vun den Infektiounen eleng seet net alles aus iwwer d'Situatioun am Land. Wichteg ass ze kucken, wéi d'Lag an de Spideeler ass. Dozou huet sech de Pierre Weimerskirch d'Grafike vun der Santé ugekuckt.
Aus de Spideeler ass et dann awer den Appell, nach virsiichteg ze bleiwen, well et jo bekanntlech ëmmer e bëssen dauert, bis sech d'Neiinfektiounen an de Spideeler weisen.Dowéinst trëfft d'Omikron-Variant elo op eng Populatioun, déi schonn eng Grond-Immuniséierung huet, esou nach de Pierre Weimerskirch. Dat géing een och am Ausland gesinn, zum Beispill bei Etüden aus Groussbritannien. Ma et misst een awer och d'Ënnerscheeder beuechten.Et wier den Ament nach schwéier, de Verglach mat anere Länner ze zéien. A wann d'Infektiounszuelen immens héich sinn, kéint den Drock op d'Spideeler trotzdeem klammen, och wann d'Variant u sech manner virulent ass. Et ass genee déi Mass u Leit, déi sech all quasi mateneen ustiechen, déi gefaart gëtt.Fir déi aktuell Well an de Grëff ze kréien, kommen déi adaptéiert Vaccinen awer ze spéit. Mat de Rekord-Infektiounen, déi mir den Ament gesinn, kéint d'Well relativ séier eriwwer sinn, awer hefteg ginn. An da kéinten d'Zuele genee sou séier erof goen, wéi se elo explodéiert sinn.
Lauschtert hei déi ganz Episod
Fir d’Erklärunge besser novollzéien ze kënnen, kënnt Dir hei déi jeeweileg Grafiken an aner Bäiträg kucken.
Tweet vum Paul Mainwood iwwer Efficacitéit vu Vaccin géint Omikron:
Impfungen a UK a Lëtzebuerg
Populatioun 12Joer+ | UK | Lëtzebuerg |
1. Dosis | 90.2% | ~84% |
2. Dosissen | 82.7% | ~73% |
3. Dosissen | 60.6% | ~40% |
Daten aus UK: Wat bréngt de Booster?

© Image Crown copyright 2021

© Image Crown copyright 2021
Tweet vum Michael Mina zu Schnelltester:
Sourcen:
- Press Briefing vum Science Media Center zum Thema “Neue Erkenntnisse zu Omikron und Ausblick”
- Effikassiteit vun Impfung géint Omicron (Daten aus UK)
- ECDC Vaccine Tracker
- Corona-Daten iwwer Lëtzebuerg
- Daten zum Coronavirus aus Groussbritannien