Vulnerabel Mënschen

Am RTL Studio waren dës Kéier 2 Invitéen, eemol d'Liz Holzmacher an de Jos Bourg.
Si gehéieren zu deenen, déi trotz de geplangten Ouverturen am neie Covidgesetz, net sou einfach zréck an d'Normalitéit kënnen, well d'Covidimpfungen duerch hire gesondheetlechen Zoustand manner gutt wierken, den Immunsystem manner gutt drop usprécht a si weider riskéieren e schwéiere Verlaf vun der Krankheet ze hunn. Héich vulnerabel Persounen déi immunsuppriméiert sinn oder Medikamenter mussen huelen déi den Immunsystem erofdrécken. D'Santé huet gëscht annoncéiert, datt dës Leit dräi Méint no der leschter Sprëtzt eng véiert Impfdosis kréie sollten. An der neister Editioun vum RTL-Podcast Wellebriecher stinn eng Dialysepatientin an de President vun Protransplant am Mëttelpunkt.

D'Liz Holzmacher ass eng Studentin vu 24 Joer a waart zanter 4 Joer op eng nei Nier. Si huet sech am Ufank vun der Pandemie ganz vun der Gesellschaft zimlech ausgegrenzt aus Angscht krank ze ginn. Antëscht a mat der Impfung hätt och si rëm ugefaang hirem normale Liewen nozegoen och wann se weider gutt géif oppassen. Duerch déi aktuell Covidsituatioun ka si just nach zu spezifeschen Auerzäiten dan d’Dialyse an ass doduerch déi Deeg zimlech agespaant.
Déi geplangten Impfflicht sou wéi d'Regierung se envisagéiert applizéiert sech zwar net fir déi jonk Studentin. Wéi d'Liz Holzmacher awer erkläert huet muss si geimpft sinn fir en neit Organ ze kréien, fir weider op der Waardelëscht fir en Organ kënne ze bleiwen.

De Jos Bourg, President vu Protransplant krut no enger Kriibsdiagnose eng nei Liewer transplantéiert. Aus enger Liewenserwaardung vu just nach sechs Wochen gouf duerch eng séier Transplantatioun en neit Liewen. Zanter der Coronakris wier Organspenden quasi keen Thema méi zu Lëtzebuerg, huet de President vun der asbl bedauert. Ausdrécklech bergéisst huet de Jos Bourg d'Decisioun vun der Santé eng véierte Kéier géint de Covid geimpft kënnen ze ginn. D'lescht Woch nach hat hie sech bei eis op der Antenn driwwer geiergert, de Ministère hätt nach ëmmer net en deementspriechenden Avis vum Conseil fir Ustiechend Krankheeten (CSMI) vum Dezember ëmgesat. Wann ee weess, datt dës Persounen duerch hire gesondheetlechen Zoustand nëmme wéineg Antikierper forméieren wier et onverständlech, datt sou laang mat der Decisioun gewaart gouf.
Wann d'Situatioun sech wéi elo allgemeng entspaant wier de Risiko och fir vulnerabel Leit manner grouss sech unzestiechen. Déi Hoffnung hunn eis Invitéeën allen zwee ausgedréckt.
