Betty Hoffmann geet mat voller Confiance an 2. Finale
E Samschdeg ass am Damme-Volleyball déi zweet a scho vläicht decisiv Finale vum Championnat.
Dëse Weekend kënnen am Volleyball-Championnat d'Decisiounen ëm d'Meeschterkroun falen. Bei den Hären ass et e Sonndeg déi zweet Finale tëscht Fenteng an Stroossen. D'Equipe vum Hesper Holleschbierg steet no der Defaite d'lescht Woch mam Réck widdert der Mauer. Bei den Dammen huet Walfer all Kaarten an der Hand den Doublé ze realiséieren. E Freideg um 13.30 Auer war d'Betty Hoffmann vun der Residence Invitée bei eis am Radio Sport Club.
D'Finale gi jo nom Modus „best of three“ gespillt. De leschte Sonndeg hat sech Walfer 3:1 zu Dikrech duerchgesat. Et huet een sech awer an der éischter Partie schwéier gedoen, sou d'Betty Hoffmann.
Walfer geet och um Samschdeg nees als klore Favorit an déi zweet Partie. Bis elo huet Walfer am Championnat nach kee Match verluer, awer 3 Sätz an dat war géint Dikrech. Dofir ënnerschätzt een Dikrech och net, esou d'Betty Hoffmann.
D'Isabelle Frisch vun Dikrech, déi am Sport Club als Iwwerraschungsgaascht bäigeschalt war, hëlt den Challenge natierlech un.
Bei deenen Dikrecher ass een sech awer och bewosst, datt ee virun allem d'Betty Hoffmann muss aus dem Spill huelen. Si ass nämlech d'Haaptspillerin vu Walfer, si huet vill Verantwortung an do ass et wichteg sou Spillerinnen séier an de Grëff ze kréien an am beschten auszeschalten, sou d'Isabelle Frisch.
Fir den Trainer Serge Karier kéint et e ganz spezielle Match ginn. Wann d'Residence nämlech och déi zweet Finale wënnt, géif hie mat engem Doublé op der Walfer Dammentrainerbänk ophalen.
Radio-Sport-Club: all freides vun 13h30 bis 14h op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu. Duerno am Replay op RTL.lu (Video an Audio).