Annalena Mach wëllt ee vun de Piliere bei Wiesbaden ginn
D´Volleyballspillerin Annalena Mach huet elo schonn hir 3. Saison beim VC Wiesbaden an der 1. Däitscher Bundesliga hannert sech.
D'Annalena Mach huet hir 3. Saison als Volleyballprofi an der 1. Däitscher Bundesliga mat Wiesbaden hannert sech. Déi 21 Joer al Lëtzebuerger Nationalspillerin huet an de nächste Wochen nach keng Vakanz, ma huet nach wichteg Rendez-vousen mat der FLVB-Selektioun. E Freideg de Mëtteg war déi 1,82 Meter grouss Diagonalspillerin Invitée bei eis am Radio Sport Club.
Des Saison huet de VC Wiesbaden, de Veräin vum Annalena Mach de Championnat op der drëtter Plaz ofgeschloss. D'Zil war domat sécherlech erreecht.
D'Annalena Mach spillt als Profi Volleyball, studéiert awer och am 6. Semester Bio op der Uni zu Frankfurt. Et ass alles eng Saach vun Organisatioun.
Um Enn vun der Saison ass de Kontrakt vum Annalena Mach beim VC Wiesbaden ausgelaf. Et gesäit awer ganz duerno aus, wéi wann d'Aventure an Hessen géif weider goen.
Mat der Nationalequipe ginn elo zwee Rendez-vousen preparéiert. Deen Éischten ass, d'Spiller vun de klenge Länner zu San Marino Enn des Mounts, an deen Zweeten ass d'Europameeschterschaft vun de klenge Länner Enn Juni an der Coque.
An der Lëtzebuerger Nationalequipe ass d'Annalena Mach ee vun de Pilieren. Bei hirem Veräin an der éischter Däitscher Bundesliga wëll si dat an Zukunft och ginn.
Radio-Sport-Club: all freides vun 13h30 bis 14h op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu. Duerno am Replay op RTL.lu (Video an Audio).