Mike Bast wëllt schwiereg Saison mat Titel ofschléissen

© RTL.lu
E Sonndeg ass am Dëschtennisequipechampionnat déi drëtt an decisiv Finale tëscht Ettelbréck an Diddeleng.
De fréieren Nationalspiller Mike Bast hat elo schonn dräi Mol hannerteneen den Doublé mat Diddeleng realiséiert. Dëst Joer sollt et fir de Veräin aus der Forge du Sud esouguer dee 5. hannertenee ginn. D'Coupe huet Diddeleng géint d'Etzella awer scho missen ofginn.
Virun enger Woch hat sech Ettelbréck bei sech doheem duerchgesat, am 1. Match war d'Equipe aus der Forge du Sud als Gewënner vum Terrain gaangen. De Mike Bast vun Diddeleng weess, datt et Sonndeg vu 15 Auer u ganz spannend wäert ginn.
Fir de fréiere Lëtzebuerger Profi a seng Equipieren ass d'Saison anescht verlaf wéi erwaart. E méigleche Grond wär, dass een eventuell am Ufank vun der Saison ze gutt a Form war an dunn duerch Pausen no de Landesmeeschterschafte weider aus dem Rhythmus komm wär, sou de Mike Bast.
Ettelbréck huet lo e Sonndeg natierlech den Heemvirdeel, dat weess och de Spiller vun Diddeleng.
Den Eric Thillen war den Iwwerraschungsgaascht vum Mike Bast am Radio Sport-Club. De jonke Spiller vun Ettelbréck, deen et e Sonndeg nees mam Bast wäert ze di kréien, ass sech bewosst, datt et an all Direktioun ka goen.
Déi Diddelenger hoffen, datt hire Spëtzespiller, de Zoltan Feyer Konnerth, dee schonn Europameeschter am Dubbel a Vizeweltmeeschter par Equipe mat Däitschland war, besser drop ass, wéi an deenen zwou éischte Finallen. Ob dat dann de Fall war, wësse mir e Sonndeg den Owend.
Radio-Sport-Club: all freides vun 13h30 bis 14h op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu. Duerno am Replay op RTL.lu (Video an Audio).