Radio Sport-Club vum 23. Mäerz
Jacques Feyder
VIDEO: Radio Sport-Club: Jacques Feyder
Sport total mat eisem sportlechen Invité vun der Woch.
Dëse Weekend sinn déi zweet Matcher vun de Finallen am Volleyball-Championnat.
Nodeems bei den Häre Fenteng den éischte Match géint Stroossen gewanne konnt, steet de Club elo nom Coupe-Gewënn virum 1. Championstitel an der Veräinsgeschicht.
Mam President vum VC Fenteng, Jacques Feyder, hu mir am Radio Sport Club iwwer d'Entwécklung vu sengem Club an d'Perspektiven an den nächste Jore geschwat.
Déi zweet Finall tëscht Stroossen a Fenteng gëtt e Sonndeg den Owend um 18.30 Auer um Belair an der Hal gespillt an net zu Stroossen.
AUDIO: Radio - Sport Club mam Jacques Feyder
Radio-Sport-Club: freides vun 13h30 bis 14h00 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu. Duerno am Replay op RTL.lu (Video an Audio).
Am meeschte gelies