D'Perkussionistin Louisa Marxen ass zwar zu Lëtzebuerg gebuer, mä schléit awer elo an der Schwäiz op d'Tromm.

An dat am richtege Sënn vum Wuert. D'Louisa Marxen ass Perkussionistin a vu Jonkem u faszinéiert vun der sougenannter zäitgenëssescher Musek. Hir Instrumenter sinn dofir nieft der klassescher Tromm och eng ganz Rei méi onkonventionell Instrumenter wéi Bamstämm oder e Staubsauger. Mat hirem aktuelle Solo-Programm kënnt d'Louisa Marxen elo fir zwee Concerten op Lëtzebuerg an den tnl.

AUDIO: 24/01/2018 Am Gespreich: Louisa Marxen

D'Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay (Audio a Video) ze fannen ass.