Den Dëschtennisspiller am Entretien
E Freideg haten de Gilles Muller an de Franky Hippert de Luka Mladenovic an eiser Emissioun am Gespréich iwwer Sport tëscht 12 an 13 Auer op Besuch.
De Weekend sinn déi national Eenzelmeeschterschaften am Dëschtennis an der Coque. De Premièresschüler aus dem Sportlycée gehéiert sécherlech zu de Favoritten op den Titel. Zejoert hat de Mladenovic an der Finall géint den Eric Glod verluer. Dat Joer virdrun konnt sech den 19 Joer ale Spiller vu Mainz awer eng éischte Kéier am Lëtzebuerger Eenzel-Championnat d’Meeschterkroun opdoen.
D'Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay (Audio a Video) ze fannen ass.