Den Nordpol, Grönland Ost-West, Grönland Süd-Nord a geschwënn d'Antarktis. Den Dokter Patrick Peters verbréngt seng Vakanz am léifsten am éiwegen Äis.

Rieds ass vum Extremsportler Patrick Peters. Den Orthoped bereet sech den Ament vir op seng bis ewell gréissten Expeditioun 2022 an der Antarktis.
De Nordpol huet de Grondstee geluecht fir eng Leidenschaft, déi den Dokter bis haut ëmmer erëm an dat éiwegt Äis féiert. Den Orthoped war den 1. Lëtzebuerger um Nordpol, den Éischte Lëtzebuerger den d'Traversée vu Grönland Ost-West gemaach huet, ma och den 1. Lëtzebuerger den déi schwéier Traversée "Süd-Nord" a Grönland reusséiert huet. Dat war am Mee dëst Joer. 29 Deeg fir 2300 Kilometer bei engem Schnëtt vun -30 Grad. De Polar-Explorateur huet eis verzielt wéi e klasseschen Dag op enger Expeditioun ofleeft, wéi een sech optimal dorop virbereet physesch, awer och mental.

Et ass net just e perséinlechen Éiergäiz den de Sportler op seng Expeditiounen zitt, ma och de Wonsch jonke Leit ze weisen, dass et méiglech ass seng Dreem ëmzesetzen.

Am Gespréich: Patrick Peters

D'Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay (Audio a Video) ze fannen ass.