"Orang Utan Help Lëtzebuerg"
En Interview mam Sekretär vun der ASBL "Orang Utan Help Lëtzebuerg".
Mir hunn iwwert de Misär vun de Mënschenafen duerch d'Palmueleg-Industrie geschwat. Am Fong si mir alleguerte mat dru Schold well deen Ueleg a ville vun eise Liewensmëttelen ze fannen ass, och wa mer eis dees net bewosst sinn.
A Malaysia an Indonesien ginn all Joer Hektare Reebësch ofgeholzt oder verbrannt fir Palmueleg-Plantagen unzeleeën. Net nëmmen d'Orang-Utanen si vum Verloscht vun deem Liewensraum betraff, mä nach e ganze Koup aner Déieren ewéi de Java-Leopard an de Sumatra-Tiger.
An der Mëttesstonn gouft Dir gewuer wéi "Orang Utan Help Lëtzebuerg" hëlleft a wéi eng Projete genee se ënnerstëtzen.
D'Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay (Audio a Video) ze fannen ass.