En Interview iwwert alles wat ee muss wëssen, wann ee richteg faaschte wëllt.

D'Faaschtenzäit ass am Gaangen a vill Leit si motivéiert fir e puer Kilo ofzehuelen. Dofir ass d'Faaschten awer net eleng do: wann een et seriö mécht, soll de Kierper Gëftstoffer ausstoussen, déi en deels schonn iwwer Joren agelagert huet (zum Beispill am Daarm, an der Liewer an an de Longen). D'Regeneratioun vum Kierper an de Stoffwiessel ginn ugekuerbelt.

Manéieren fir ze faaschten ginn et der vill, an doriwwer schwätze mer mat der Marianne Kollmesch vu Vitaltrekking. Si organiséiert a féiert reegelméisseg Faaschtewanderungen an zielt eis ënnert anerem och wéi wichteg et ass, de Kierper wärend där Zäit op Trapp ze halen.

Am Gespréich: Marianne Kollmesch

D'Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay (Audio a Video) ze fannen ass.