Wéi 2009 de Laureat vum Servais-Präiss fir dat bescht literarescht Wierk vum Joer bekannt gouf, war d'Iwwerraschung grouss.

Ausgezeechent gouf den éischte Roman „U5“ vum Lëtzebuerger Pol Sax, deen zënter 2001 als freien Auteur zu Berlin lieft.

Elo kënnt d'Stéck op d'Theaterbühn an d'Uropféierung ass en Dënschdeg am Kasemattentheater a Präsenz vum Auteur selwer.

E Freideg war de Pol Sax dann och den Invité an der Mëttesstonn um Radio.