"Lëtzebuerg de Lëtzebuerger" oder "Den Nuebel vun der Welt" heescht eng Konferenz d'nächst Woch am Literaturzenter, déi d'Expo iwwer d'Satire ofschléisst.

Gehale gëtt se vum Pierre Puth, pensionéierten Däitsch a Philosproff, deen awer selwer och Auteur ass an an de Medien geschafft huet. Den Ament kann een hien als Reporter sonndes mëttes an der "Hei Elei Retro"-Emissioun erëmgesinn.

Radio - Freides-Invité: Pierre Puth beim Christiane Kremer
Kultur, Gesellschaft a Liewen - all Freideg an der Mëttesstonn.

Iwwer d'Identitéit vum Stacklëtzebuerger, iwwer Tëlees-Nostalgie an iwwer d'Kulturland Lëtzebuerg gëschter an haut geet Rieds mam Invité Pierre Puth.

AUDIO: Freides-Invité

"De Freides-Invité": All Freideg an der Mëttesstonn vun 12 bis 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg.