14 Joer an 99 Bicher - dat geet duer, seet de Guy Rewenig.

E Sonndeg seet "Ultimomondo" Äddi - de Verlag, deen en ënnert anerem mat sengem Schrëftsteller-Kolleg Roger Manderscheid gegrënnt huet. Mä dat ass sécher net dat lescht Wuert, dat den Auteur Guy Rewenig geschriwwen huet. Wéi en nach selwer kreativ wëll bleiwen, wéi en d'Situatioun vum Buch an der virtueller Welt vun haut gesäit a wat en alles iwwer d'Kulturpolitik am Land ze soen huet, dat waren eng Rei Froen un e Mann, deen ni e Blat vrun de Mond hëlt.

Den Auteur Guy Rewenig wäert et awer och nach weider ginn an de Kritiker, deen ëmmer gär de Fanger och op politesch Wonne leet. An engem Interview lescht Woch hat hie scho gesot, déi aktuell Kulturministesch Maggy Nagel wier net kompetent, si hätt kee Konzept a kee Bezuch zu der Kultur. Als Invité an der Mëttesstonn huet hien dat nach weider erkläert.

AUDIO: Guy Rewenig iwwer d'Kulturministesch
AUDIO: De Freides-Invité: Guy Rewenig

"De Freides-Invité": All Freideg an der Mëttesstonn vun 12 bis 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Video-Livestream op RTL.lu.

RTL