"La vérité m'appartient" heescht d'Theaterstéck mat deem d'Nathalie Ronvaux virun zwee Joer den nationale Literaturconcours gewonnen huet.

Lo kënnt d'Stéck an deem et ëm zwou Frae geet, déi sech um Enn vum Zweete Weltkrich an der Belsch géigesäiteg virgeheien "antipatriotesch" ze sinn, och op d'Bühn.

Wéi gesäit d'Nathalie Ronvaux hiert d'Stéck, elo wou se et souzesoen aus den Hänn ginn huet?

Dat ass eng vun de Froen un d'Freides Invitée Nathalie Ronvaux, mat där mer awer och iwwer hir aner Wierker a besonnesch d'Poesie geschwat hunn.

AUDIO: De Freides Invité: Nathalie Ronvaux.

"De Freides-Invité": All Freideg an der Mëttesstonn vun 12 bis 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Video-Livestream op RTL.lu. An dono am Replay op RTL.lu (Audio a Video).