Eng nei Nummer: 8002 – 44 44 

Den Elterentelefon ass eng nei Initiativ vum Kannerjugendtelefon.

En afrikanescht Spréchwuert seet: Et brauch een en Duerf fir e Kand grouss ze zéien.

Egal op Froen, Suergen, Gedanken oder Erausfuerderungen, wou een als Elteren oder och Grousselteren net weider weess, et muss een domat net eleng bleiwe. Den ELTERENTELEFON ass do fir Rotschléi ze ginn.

Wann een Ënnerstetzung brauch, rufft un op den : 8002 – 44 44  (Aachtdausendzwee – véierervéierzeg véierervéierzeg) a stellt är Froen anonym a vertraulech.

Den Elterentelefon invitéiert muer an de Kino Utopia fir de Start vun der Helpline elo och op Englesch ze feieren.

Méi Infoe fënnt een op KJT.lu

RTL
Business News 11.10.2023