Véronique Kolber
Fotoe vu fréier mat Motiver vun haut oder Fotoe vun haut op Motiver vu fréier...
... bei dësem Projet huet d'Fotografin Véronique Kolber viru Joren ugefangen Opnamen vu fréier op den Originalplazen nozeknipsen a béides iwwert eneen ze leeën. E puer vun deene Wierker sinn den Ament am Kader vun de Photomeetings am Cercle Cité ze gesinn. Donieft schafft si och fir Buchprojeten oder Kuerzfilmer, mécht Portraiten an huet schonn an den USA, Indien a China ausgestallt. Iwwer d'Fotografie, iwwer de Wäert vu Biller fréier an haut, iwwer Selfien an iwwer den Arthur and Mary hu mer mam Véronique Kolber tëscht 12 an 1 geschwat.
"De Freides-Invité": All Freideg an der Mëttesstonn vun 12 bis 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Video-Livestream op RTL.lu.