Xavier Bettel (DP) vs. Luc Frieden (CSV)
Wat sinn d’Ënnerscheeder tëscht dem aktuelle Premier a sengem Erausfuerderer vun der CSV?
Ginn et iwwerhaapt nach grouss Differenzen, wat Programmer betrëfft?
Fënnt een déi an der Haaptsaach nach an der Familljepolitik, sinn déi Chrëscht-sozial do nach méi traditionell? Oder mécht och eng CSV ënnert hirem Spëtzekandidat Luc Frieden eng méi liberal Politik, viséiere béid Parteien am Fong déi selwecht Walclientele? An ass et dann de Kandidat, deen den Ausschlag mécht?
Wie wier de bessere Premier? De Xavier Bettel, dee vun sech seet, ech si keng Virwëtztut, d’Leit wëssen, wat se mat mir kréien oder den "neie Luc" a wéi gesäit hien d’Roll vum Regierungschef?
Wat ënnerscheet béid Politiker am Stil an am Temperament?
De Grousse Face-à-Face liwwert Äntwerten
Diskutéiert gouf natierlech iwwert d'Inhalter aus de Walprogrammer, mä och iwwert de Féierungsstil vu béide Politiker. De Xavier Bettel gëtt net midd ze soen, datt hien en Ekippemënsch ass ... an de Luc Frieden? Wéi haart muss e Regierungschef a sengen Aen kënnen duerchgräifen?
"Ech menge schonn, datt an enger Rei Dossieren wéi Logement, Santé, Steieren e Premier heiansdo mat der Fauscht muss op den Dësch schloen, wann et muss sinn. Wann en Dossier guer net weider kënnt, Beispill Knauf, Fagé, virage ambulatoire, wou et einfach un engem Machtwuert gefeelt huet. Selbstverständlech ass eng Regierung, an ech war jo a Regierungen eng Ekippenaarbecht. Och an deenen Entreprisen an deenen ech war ass et eng Ekippenaarbecht, mä heiansdo muss een dofir suergen, datt et méi séier geet an an deene Wirtschaftsdossieren do huet et einfach ze laang gedauert fir e JO oder en NEE. D'Mietschutzgesetz, dat deposéiert gouf, zu engem Ament wou et iwwerhaapt net duerch de Regierungsrot hätt dierfe goen, do hätt dir misse soen 'mir stoppen dat' "
An deene leschte Wochen a Méint huet notamment de Xavier Bettel méi wéi eemol gesot, datt Blo-Rout-Gréng net automatesch déi nächst Regierung forméiert, och wann et rechneresch géif duergoen, mä datt et op d'Schnëttmengen an de Walprogrammer ukënnt. Dofir d'Fro un den DP-Spëtzekandidat, ob hien am Programm vun der CSV méi Ënnerscheeder oder méi Gemeinsamkeete fënnt.
"Et hänkt vum Dossier of. Wann der mech frot elo zum Beispill an der Steierpolitik frot, d'Zil ass dat selwecht. Mir mussen eppes fir d'Kompetitivitéit maachen, mir mussen eppes fir d'Betriber maachen awer och fir d'Leit. D'Methode fir direkt Saachen ze verspriechen, déi mer net kënnen halen, ënnerscheet eis. Aarbechtsrechtméisseg si mer och méi no un enger CSV. Et ginn awer och Ënnerscheeder: Familljepolitik. Den Här Frieden héiert et net gär, mä den neie Luc ass an där aler CSV."
D'Steierpolitik war ee vun de Sujeten iwwert déi déi zwee Spëtzekandidaten diskutéiert hunn. De Xavier Bettel huet verséchert, datt sollt hien nach eng Kéier Premier ginn, hien nach Enn dës Joers d'Tripartite beienee rifft, fir iwwer Mesuren an der Steierpolitik ze diskutéieren.
An den Ae vum Luc Frieden ass dat net néideg. D'Tripartite wier e Kriseninstrument, déi bräicht een an dësem Fall net, d'Steierpolitik wier nämlech eng politesch Decisioun.
Eis Invitéen
Kuckt de Face-à-Face tëscht dem Xavier Bettel an dem Luc Frieden no 20 Auer op der Tëlee an op RTL.lu.
Nationalwalen - D'Kandidaten an der Iwwersiicht