PetitiounskommissiounHausse vun Iessenszoulag muss mam Gehälteraccord verhandelt ginn

Francois Aulner
Eng Hausse vun der Iessenszoulag beim Staat misst am Kader vum Gehälteraccord verhandelt ginn – dat war d’Conclusioun vun der Chamber Petitiounskommissioun nom Debat e Mëttwoch de Moien iwwert eng Petitioun, déi gefuerdert huet, datt d’allocation de repas vun de Staatsbeamten vun 10,80 op 15 Euro pro Schaffdag an d’Luucht gesat gëtt.
© RTL

D’Iessenszoulag gouf fir d’lescht 2019 ëm 60 Euro de Mount an d’Luucht gesat. D’Hausse vun 144 op 204 Euro de Mount war virun de Chamberwalen decidéiert ginn. D’Auteure vun der Petitioun fir eng weider Hausse hunn drop higewisen, datt d’Präisser an d’Liewenskäschten antëscht vill geklomme sinn. De Mareck Frantzen sot, d’Erhéijung vun der Iessenszoulag wier “kee Luxus”, mee “eng Korrektur” an eng “néideg Moossnam fir Gerechtegkeet an Unerkennung vun der Aarbecht vun de Beamten”.

Den Debat war ganz kuerz. Den CSV-Deputéierte Jean-Paul Schaaf huet puer Verständnisfroe gestallt, notamment, ob deen Netto-Bäitrag tatsächlech am Restaurant lant. De Piraten-Deputéierte Marc Goergen huet seng Ënnerstëtzung fir eng Hausse vun der Iessenszoulag beim Staat ausgedréckt. De Minister fir d’Fonction publique Serge Wilmes, deen huet – duerch d’Blumm – seng Retizenz matgedeelt. Hien huet un d’Hausse vun de Paie beim Staat dëser Joren erënnert.

Beim leschte Gehälteraccord gouf eng Hausse vun de Paie vun 2,5% zeréckbehalen.

De Minister huet Beispiller genannt: bei enger Carrière C2, wou d’Gehalt am Duerchschnëtt bei 5.500 Euro de Mount leie géing, sinn 2,5% 137 Euro. Wann een den Duerchschnëtt vun all de Paie beim Staat hëlt – 9.388 Euro – ass et e Plus vun 234 Euro. Zesumme mat all den anere Verbesserungen, déi decidéiert goufen, hätt de Staat, dem Serge Wilmes no, seng “Hausaufgabe” gemaach, fir datt d’Beamte gutt Aarbechtskonditiounen hätten.

D’Presidentin vun der Petitiounskommissioun, d’LSAP Deputéiert Francine Closener, huet d’Conclusiounen nom Debat matgedeelt. D’Chamber kéint sech net iwwert de Gehälteraccord ewechsetzen. D’Kommissioun recommandéiert de Petitionäre wéi gesot, sech un d’Gewerkschaften ze wenden, déi den nächste Gehälteraccord fir d’iwwernächst Joer mat der Regierung verhandelen.

Back to Top
CIM LOGO