Muss ee sech tëscht Mënscherechter a Wirtschaft a Benefice decidéieren?
En Donneschdeg gëtt am Europaparlament op en Neits iwwer en ofgeschwächten Text vum EU-Liwwerkettegesetz ofgestëmmt.
Enn Oktober hat deen Text keng Majoritéit kritt. Eigentlech war sech schonn 2024 op en Text gëeenegt ginn. Deen ass der neier EU-Kommissioun awer ze wäit gaangen a sou goufen d’Liwwerkettereegelungen nees op de Leescht geholl.
Wéi soll e Kompromëss elo ausgesinn? Wat ass machbar? Doriwwer hunn e Mëttwoch de Moien an engem Face-à-face de René Winkin, Direkter vun der Industriellefederatioun FEDIL, an de Jean-Louis Zeien, Coordinateur vun der Initiativ pour un devoir de vigilance diskutéiert.
D’EU-Liwwerkettegesetz heescht, datt gréisser Entreprisë solle verflicht ginn, datt an der ganzer Liwwerkette keng Mënscherechter verletzt, fair Léin bezuelt an Ëmweltstandarde respektéiert ginn. Wéi eng Entreprisen do alles drënner falen, ass de Knackpunkt. Den iwwerschaffte Kompromëss-Text wier komplett verwässert a géif net duergoen, fir Ëmwelt a Mënscherechter ze schützen, seet de Jean-Louis Zeien. Et wier en Text eenzeg an eleng am Interessi vun de grousse multinationalen Entreprisen. Hei géing et ëm Grondprinzippien goen, déi vun de Vereenten Natiounen decidéiert goufen an déi géifen elo komplett ignoréiert ginn.
Ganz aner Meenung beim Vertrieder vun der Industrie. D'europäesch Ekonomie wier bekanntlech ferm ënner Drock. D’EU-Liwwerkettegesetz wier just eng vu ville Bestëmmungen, mat deenen d’Entreprise mussen eens ginn. Dowéinst wier den neien Text besser, argumentéiert de René Winkin. De Kompromëss sollt elo sinn, datt d’Virgabe just nach fir grouss Entreprise vu méi wéi 5.000 Leit an engem Joresëmsaz vun op d’mannst 1,5 Milliarden Euro gëllen. U sech war d’Grenz bei 1.000 Mataarbechter an engem Ëmsaz vu 450 Milliounen. Wann een ze vill an d'Gesetz géif dra paken, wier de Risiko och grouss, datt et net funktionéiert, sou de René Winkin.
Allebéid ware sech awer eens, datt keng Impakt-Studie gemaach gouf. Et wéisst een also net, ob dat neit Liwwerkettegesetz iwwerhaapt realiséierbar wier.