Konventionell lëtzebuergesch Produiten oder auslännesche Bio? Dat huet dëser Deeg fir vill Gespréich gesuergt.

Face-à-Face: Christian Wester vs. Raymond AendekerkLokal biologesch Liewensmëttel an de Schoulkantinnen: dat ass eng Success-Story, obwuel an der Lescht vill doriwwer gestridde gouf. Dat soten en Donneschdeg de Moien eis zwee Invitéen am Face-à-Face iwwer d'Landwirtschaft. Diskutéiert hunn de President vun der Bauerenzentral Christian Wester an de Vertrieder vun der Plattform "Meng Landwirtschaft" Raymond Aendekerk. 
 
Aktuell wier vill Drock an der Agrarpolitik. Jidderee wéilt e Stéck vum Kuch an de Maart géing méi enk ginn, sou den Raymond Aendekerk. Gestridde gouf jo virop tëscht dem Mouvement Ecologique an dem Landesuebstbauveräin. D'Uebstbaueren hu sech beschwéiert, dass de Choix géing op auslännesch Bio-Produite falen, wa keng lokal Bio-Produiten do sinn. Dat kann de Christian Wester gutt novollzéien. 70 Prozent vun de Produite vu Restopolis wiere regional an dat wier och eng ekonomesch Plus-value, mä "mir hätte scho gär, dass eis Produkter vun hei aus dem Land prioriséiert gi virun deenen, déi elo aus dem Ausland kommen". Gläichzäiteg dierft een och net ze vill "klengkaréiert sinn" an et misst een den europäesche Gedanke spille loossen. 
 
Et wier ëmmer eng Fro vun Offer an Demande a wann d'Demande fir Bioproduiten an d'Luucht geet, kéint dat d'Leit och dozou incitéieren, fir ëmzesteigen, sou de Raymond Aendekerk. Aktuell léich een zu Lëtzebuerg bei just 7 bis 8 Prozent Bioproduktioun. An Éisträich léich ee bei 27 Prozent. Fir bis dohin ze kommen, bräicht een e klore Plang, laangfristeg gekuckt. 

Plattform "Meng Landwirtschaft" fuerdert: Een Drëttel manner Véi 

Iwwer 50 Prozent am Grand-Duché ass Gréngland an awer géing just e klengen Deel vum Fudder fir d'Déieren hei am Land produzéiert ginn, kritiséiert de Raymond Aendekerk. Dofir wier et gutt, d'Véi ëm een Drëttel ze reduzéieren. "An dat heescht elo guer net, datt mer keng Mëllech-Véi méi sollen halen. An ech sinn och guer net der Meenung, datt een eng Kou als Klimakiller dohinner stellt. Et ass ëmmer d'Fro, wéi datt se gehandhaabt gëtt a wéi se gefiddert gëtt." 
 
De Bauer Christian Wester kontert, dass d'Bauere vill ekonomesch Contrainten hätten an hir Produite missten am Buttek mat deenen aus dem Ausland konkurréieren. Donieft wier et esou, dass Lëtzebuerg och net an enger grousser Käre-Regioun géing leien. Spréch: hei géinge keng Produiten ugebaut ginn, déi dann Nieweprodukter generéieren, déi kënnen agesat ginn. "Mir sinn einfach hei an enger Géigend, wou déi Planze manner gutt wuessen a mer op den Import vun Eewäiss ugewise sinn, ob dat elo fir d'Déieren oder fir d'Human-Ernärung ass, ass an deem Sënn e bëssen zweetrangeg."

Akommes dierf net just un Produktioun geknäppt ginn 

D'Akommes wier extrem wichteg an dierft dofir net just un eng héich Produktioun geknäppt sinn, seet de Vertrieder vu "Meng Landwirtschaft". Dat wier nämlech ëmmer eng endlos Kompetitioun, well et géing ëmmer iergendeen op der Welt ginn, dee méi produzéiert. Dofir wier et wichteg, dass d'Politik Rahmebedingunge setzt, dass een och ka mat engem Drëttel manner Véi vu senge Ressourcë liewen. "Ob de Bauer elo d'Akommes huet iwwer méi Mëllechproduktioun oder een Akommes aus enger anerer Leeschtung, déi ee fir d'Gesellschaft mécht. Ech wëll net soen, datt et egal ass, mee et spillt an deem Sënn eng Roll, datt mer e positiven Effekt hu vun der Landwirtschaft." 
 
Bauer sinn, wier e schéine Beruff, mee et misst een och säin Akommes doriwwer generéiere kënnen, gëtt de Christian Wester ze bedenken. "A wat d'Baueren alleguerten net gären hunn, dat ass déi Ofhängegkeet do vun ëffentleche Gelder. Dat si Leit, déi den Drang hu fir ze schaffen, mat hiren Hänn eppes ze verwierklechen." Et wier och wichteg fir d'Gesellschaft an d'Konsumenten, nees ze responsabiliséiere fir dat, wat se kafen. D'Wäertschätzung fir d'Liewensmëttel wier haut net méi déi nämmlecht. Mir liewen an enger "Ewechwerfgesellschaft" an dat wier fir d'Bauere schonn "e bëssen traureg", sou de Christian Wester. Domat ass och de Raymond Aendekerk d'accord. Dofir wieren och Accorde wéi de Mercosur geféierlech, well d'Brasilianer Fleesch fir een Drëttel vum Präis produzéieren. Dofir misst d'EU Gesetzgebunge maachen, déi innovativ si fir d'Baueren an d'Landwirtschaft a gläichzäiteg d'Konsumenten erausfuerdert, well "Fleesch ass eben net gläich Fleesch". Et bräicht een eng Perspektiv, dass sech do eppes ännert bis 2030 oder 2040, sou de Raymond Aendekerk.