Balance amplaz VitesseGarçonscourse den 11. Juli zu Esch-Sauer

Michèle Schons
Et ass eng Manifestatioun, déi Sport, Geschécklechkeet an eng gutt Portioun Spaass perfekt matenee verbënnt: d'Course des Garçons zu Esch-Sauer.
© cdj Esch-Sauer

Lavendel - méi wéi Dekoratioun

An de pittoreske Stroosse vum Duerf trieden all Joer Kanner, Jugendlecher an Erwuessener géinteneen un - net mat Turnschlappen an enger Stoppauer, mee mat engem Platto mat Gedrénks an der Hand. D'Aufgab kléngt einfach: esou séier wéi méiglech duerch e Parcours kommen, ouni d'Glieser oder d'Waasser um Platto ze verléieren. An der Praxis verlaangt dat awer vill Konzentratioun, Balance a Geschécklechkeet. De Robert Medjugorac vum Club des Jeunes Esch-Sauer:

Dat Ganzt nämlech muss op e puer Zonen ënnerdeelt, wou et dann ëmmer e bësse méi schwiereg gëtt. Dat fénkt dann un, datt een duerch eng kleng Dier goe muss, duerch en Trakterspneu iwwert d' Steppen, e Slalomparcours duerch d' Pneuen. Also do sinn divers Variatiounen dobäi, wou een dann säi Kënnen ënner Beweis stelle kann.

D'Course dëse Samschdeg gëtt vum Club des Jeunes Esch-Sauer organiséiert a gehéiert mëttlerweil zu de markantste Summer-Manifestatiounen am Éislek. D'Spectateure stinn dobäi laanscht d'Streck a feieren all Participant un. Besonnesch flott ass, datt d'Evenement fir jiddereen op ass. Ob Kanner, Erwuessener oder Fräizäit-Sportler – hei steet net nëmmen d'Leeschtung am Mëttelpunkt, mee virun allem d'Freed um Matmaachen.

Eis Participanten, déi kréien dann e Platto an e Grapp mat Becher a Fläsch drop. Dat wäert bei de Kanner esou sinn. Bei den Erwuessenen hu mer eis awer geduecht, déi wäerten do bestëmmt nach méi packen. Dat heescht, déi kréien dann e puer Becher méi mat drop gestallt an duerfen deen dann zum Zäitpunkt vum Start nëmmen da mat enger Hand vun ënnen unhalen a mussen dann halt déi Streck do iwwerwannen an am beschte kee Waasser verschëdden, wëll dat kréie se dann als Strofsekonnen ofgehalen.

Och de bekannte "Promilaaf", bei deem ëffentlech Perséinlechkeeten a Politiker matmaachen, suergt all Joer fir vill Laachen an eng labber Atmosphär.

A Punkto Ministesch - d'Martine Hansen, wat eis elo mol gesot huet, dat probéiere wäert deelzehuelen, dann hu mer Deputéierter wéi den Här Gales, Här Schaf, Här Boonen, mir hunn eng Europadeputéiert, d'Tilly Metz, wat eis och zougesot huet, fir deelzehuelen an da si mer amgange lo nach d'Lëscht e bëssi auszeweiden an hoffentlech kréie mer do nach e puer positiv Retouren.

Nieft der Course gëtt et Iessen, Gedrénks a vill Geleeënheeten, fir zesummen e flotte Summerdag am Häerz vun Esch-Sauer ze verbréngen. D'Kombinatioun aus dem historeschen Duerfkär, der Buerg am Hannergrond an der eenzegaarteger Ambiance mécht d'Course des Garçons zu engem Evenement, dat wäit iwwer d'Regioun eraus bekannt ass.

Weider Infoen:
Club des Jeunes d'Esch-sur-Sûre
+352 621 238 939
club.des.jeunes.esch.sur.sure@gmail.com

Back to Top
CIM LOGO