
Hei kënnen ACL-Memberen hir gebrauchte Kannersëtzer, déi nach gutt an der Rei sinn, dëse Samschdeg gratis an de Verkaf ginn.
Eng méi bëlleg Alternativ bitt de Kannersëtz-Basar vum ACL, deen et schonn zanter 30 Joer gëtt.
D'Membere kënnen hir gebrauchte Kannersëtzer, déi nach gutt an der Rei sinn, gratis an de Verkaf ginn. Bis zu 300 Sëtzer kënnen zu Bartreng an nach emol 50 zu Angelduerf ofgi ginn. De Präis bestëmmt de Verkeefer selwer. An der Moyenne läit deen tëscht 50 an 150 Euro.
Ier e Sëtz an de Verkaf kënnt, gëtt en awer kontrolléiert. Den ACL kuckt ënner anerem d'Norm, de Gurt, de Stoff an den Isofix. Modeller, déi bei Sécherheetstester duerchgefall sinn, ginn net ugeholl.
An der Moyenne fannen um Basar ronn 60 Prozent vun de Sëtzer en neie Besëtzer. Déi aner kënnen dono nees ofgeholl oder, no Ofsprooch mam Proprietär, fir e gudden Zweck gespent ginn. Domat spillt nieft dem soziale Volet och d'Nohaltegkeet eng Roll.
Wichteg fir all déi, déi e Kannersëtz kafe wëllen: Boergeld astiechen, well eng Bezuelung mat Kaart aus logistesche Grënn net méiglech ass.