
An der Nuecht vun e Samschden op e Sonndeg konnte plazeweis zu Lëtzebuerg Polarliichter observéiert ginn. Kann een dëse Spektakel och an den nächsten Deeg nees gesinn?
RTL huet den Adnan Ceman vu Meteolux gefrot.
D'Äntwert ass awer éischter Nee: Polarliichter kënnen am beschte Fall nëmmen ee bis dräi Deeg am Viraus bestëmmt ginn, an am Ament gëtt et keng gréisser Sonnenaktivitéit, déi eng nei Siichtung bei eis warscheinlech mécht. Zwar gouf et e Méindeg nach eng geomagnéitesch Aktivitéit, mee déi war virun allem fir Nordeuropa relevant. Zu Lëtzebuerg ass de KP-Index aktuell ze niddereg, an zousätzlech maachen d'Wolleken den nächsten Nuechten e Stréch duerch d'Rechnung.
Polarliichter entstinn duerch staark Sonnestierm, bei deenen opgeluede Partikelen aus der Sonn op d'Äerdatmosphär treffen. Ob dës Liichter bis bei eis ze gesi sinn, hänkt virun allem vum KP-Index of, deen d'geomagnéitesch Aktivitéit moosst. Wat dëse Wäert méi héich ass, wat d'Chancen op eng Siichtung klammen.
Och wann et de Leit vläicht esou virkënnt, wéi wann et an de leschte Jore méi dacks Polarliichter géif ginn, muss dat net onbedéngt de Fall sinn. Engersäits spille Phase mat méi staarker Sonnenaktivitéit eng Roll, anerersäits droen déi ëmmer besser Smartphone-Kameraen dozou bäi, datt Polarliichter haut vill méi einfach festgehale ginn. Modern Kamerae si méi liichtempfindlech a kënnen d'Faarwen an d'Strukture vun de Polarliichter besser afänke wéi dat mënschlecht A.
Fir Polarliichter iwwerhaapt observéieren ze kënnen, brauch een e kloren Himmel, eng fräi Siicht Richtung Norden an eng Plaz mat sou wéineg kënschtlechem Liicht wéi méiglech. Déi bescht Zäit ass meeschtens an der däischterer Hallschent vun der Nuecht, besonnesch ronderëm Mëtternuecht. E schwaacht Moundliicht an eng wollekefräi Nuecht kënnen d'Chancen zousätzlech verbesseren. Fir déi nächst Deeg stinn d'Stären awer net gutt fir eng nei Liicht-Show iwwer Lëtzebuerg.
Hutt och Dir Fotoe vun de Polarliichter e Samschdeg gemaach? Da schéckt eis déi op red@rtl.lu.