Den 10. Oktober zu UeweraanwenEva Marija, Maz Univerze, Daniel Balthasar and more fir déi mental Gesondheet

Véronique Soisson
Zesumme mat der Gemeng Nidderaanwen gi scho fir déi 5. Kéier eng Rei vu kommentéierte Concerte vu lokale Kënschtler organiséiert.
© Steve Müller

Mat enger spezieller Jubiläumseditioun geet d'Concertsserie dëst Joer an hir 5. Ronn. D'Konzept bleift dat selwecht: Lëtzebuerger Museker presentéieren hir Lidder an engem intimen, meeschtens akustesche Kader a schwätzen dobäi och perséinlech iwwer d'Thema mental Gesondheet.

© Artists for mental Health

Fir de ronne Gebuertsdag stinn dëst Joer méi Kënschtler op der Bün wéi soss. Mat dobäi sinn ënner anerem d'Eva Marija, de Maz Univerze, d'Krick, d'Nicool, d'Ninon, de Josh Island, den Daniel Balthasar, Pink Knife an d'Blame Emeraude.

Nieft der Musek steet virun allem d'Sensibiliséierung am Mëttelpunkt. D'Organisateure wëllen dozou bäidroen, datt mental Gesondheet ëmmer manner en Tabuthema ass an d'Gespréich doriwwer méi einfach gefouert ka ginn. Och wann an de leschte Jore scho vill Fortschrëtter gemaach goufen, gesi si nach ëmmer Besoin fir Opklärung a weideren Austausch.

© Steve Müller

Eigentlech hätt och de Lata Gouveia sollen optrieden. Wéinst familiäre Grënn muss hie seng Participatioun awer ofsoen. Als Zeeche vu Solidaritéit gëtt ee vu senge Lidder wärend dem Owend interpretéiert.

D'Diere vum Centre polyvalent "A Schommesch" zu Ueweraanwen ginn e Samschdeg den 10. Oktober 2026 um 19:00 Auer op, d'Concerte starten eng Stonn méi spéit. Den Entrée ass gratis, fir datt d'Evenement fir jiddereen zougänglech bleift.

Back to Top
CIM LOGO