
Haut geet et ëm eis Fitness an d’Wuelbefannen. De Loïc Juchem war fir eis an engem Pilates-Studio ënnerwee an huet dës Trend-Sportaart ausprobéiert. Déi meescht kenne Pilates op der klassescher Buedemmatte, mee de sougenannte Reformer ass an de leschte Joren zum richtegen Hype ginn – virun allem wéinst Social Media. E Reformer ass eng Maschinn op där een seng Übunge kann duerchféieren. Fir erauszefannen, wat hannert dësem Hype stécht, huet de Loïc e Bléck op esou eng Reformer-Sessioun gehait.
Am RTL Interview war d‘Alisa Cullen, sie ass elo ee Joer laang Pilates Trainer a schafft scho Joren als Danz-Coach. Am Thrive Pilates Reformer Studio schafft et, do ginn iwwer 100 Coursen de Mount ugebueden.

Haut hu mir um Radio scho Pilates getest – eng Method, déi de ganze Kierper stabiliséiert. De Loïc Juchem kuckt sech awer nach eng aner Variant un: Hot Pilates. Do gëtt et am Sall bis zu 40 Grad waarm, an dei héich Temperature maachen d’Muskelen net nëmme méi flexibel, mee erhéijen och d’Intensitéit vum Workout. An ech kann iech soen: do ass de Loïc richteg an d’Schweesse komm! Fir all Alter gëeegent, mee et ass eng uerdentlech Erausfuerderung. Wat et genee bréngt a wéi et sech ufillt hu mir probéiert erauszefannen.
Mir haten d‘Polly Edwards am Interview - zanter 2012 bedreift si hiren Hot Yoga Studio um Lampertsbierg. Dëse nennt sech BYLU Hot Yoga Luxembourg.

Haut hu mir e Rendez-vous mat enger Sportsmethod, déi ëmmer méi Leit begeeschtert. De Loïc Juchem war an e Pilates-Studio, fir erauszefannen, firwat Pilates – egal ob op der Matt oder um Reformer – esou vill Leit begeeschtert. Et gesäit heiansdo einfach aus, mee an der Realitéit ass et eng intensiv Erausfuerderung, déi de ganze Kierper fuerdert, a fir all Alter gëeegent ass. Mir wollte wëssen: Wisou faszinéiert dat souvill Léit? A wéi fillt dësen Training sech wierklech un?

Mir haten haut schonn déi eng oder aner Reportagë ronderëm de Ganzkierpertraining Pilates diffuséiert. Eng Method, déi d’Haltung verbessert, de Réck stäerkt an tatsächlech vu jonken a manner jonke Leit gläichermoosse gemaach ka ginn. A well de Loïc Juchem et ëmmer nach net genuch huet, ass hien direkt och nach Hot Pilates probéiere gaangen. Do mécht een d’Übunge wéi um Reformer oder op der Matt – just eben an engem Sall mat 40 Grad. De Kierper schafft méi intensiv, d’Kalorienverbrennung geet an d’Luucht an de Schweess leeft just nach erof! De Loïc huet sech also richteg auspoweren dierfen. Wéi intensiv war et dann?