
Problemer beim Schéiferhond
D’Fäll déi an der Praxis vnm engem Déierendokter wéi an enger Zort Fliissband erakommen, kéinten net méi ënnerschiddlech sinn. A se sinn nach laang net all appetitlech. D’RTL Déierendoktesch Romi Roth huet haut en Hëllefsruff derbäi, wou den Alter kéint eng Roll spillen.
Eisen ale Schéiferhond, de Rexi, mécht eis alt nees Misär. Nodeems hie schonn zanter Wochen heiansdo komesch gegierkst hat, iwwergëtt hien déi lescht 2 Deeg am héije Bou bal alles wat hie frësst. Awer eréischt e puer Stonnen NO de Moolzechten. A ganz komesch: dat, wat hien erëmgëtt, gesäit dann ëmmer nach iwwerhaapt net verdaut, wéi frësch virdrun a senger Gamell aus.
Vläicht frësst esou een ale Mupp dann och emol ze vill an ze giereg-séier?
Dat souwisou an deemno ass de Rexi och richteg ronn, mee do léisst seng Meeschtesch, fir déi hien een an alles ass, net mat sech schwätzen. An am Fong ass säin Iwwergewiicht elo jo och vu Virdeel: dann huet deen ale Kärel wéinstens eng gutt Reserve. Well den Diagnostik - no Bluttanalysen a virun allem mat enger Kontraströntgen – ass nawell een zimmlech komplizéierten a steet fir eng Krankheet, déi a ville Fäll méintelaang behandelt gi muss: de Rexi hat eng chronesch ‘Oesophagite’, eng Entzündung vun der Schléckstrass (däitsch Speiseröhre), déi dowéinst och schonn e puer Divertikelen gemaach hat an deenen d’Fudder sech faul gestaut huet, wouwéinst den ale Mupp och ganz verwerflech aus der Schnëss geroch huet. Mat Medikamenter géint d’Entzündung a fir den Oesophage nees ze toniséieren a ville klengen, gutt rutschege Moolzechte pro Dag, ënnert déi e bëssen Zitrounejus vermëscht gëtt, war de Rexi no bal 2 Méint säi Probleem ganz lass.