
De Festival ass mëttlerweil eng Traditioun ginn. Fir déi eelefte Kéier verwandelt sech de Site beim Chalet Nic Rollinger zu engem keltesche Duerf, mat Druiden, Schmëtten a vill Handwierk. D’Visiteure kënnen entdecken, wéi d’Kelten deemools gelieft hunn - net am Musée, mee live am Bësch. Den Alex Carneiro, Mat-Organisateur:
Mir hunn dëst Joer d'Konzept liicht geännert, bei der leschter Editioun war et nach den international Celtic Festival, ma mir hunn de Volet Reenacting e bëssen erofgefuer, awer dofir d'Workshops an d'Aktivitéite weider eropgesat, mat engem Fokus op d'Lokal Scoutsgruppen, virun allem déi Jugendlech.
Nieft der Atmosphär gëtt et och vill Action. Besonnesch beléift sinn d’Spiller. Do geet et net nëmme ëm Kraaft, mee och ëm Geschécklechkeet an Teamgeescht. Traditiounell schottesch Disziplinen treffen hei op Festivalstëmmung.
Vun deene Saachen da Samschdes exklusiv fir Guiden a Scoutsgruppen ënnen am Bësch ass, dat ass eis Great-Woodland-Challenge, wou Jonker am Stil vun den Highland Games géinteneen untrieden - fir de Grand Public schéin unzekucken - dofir si Sonndes awer och Deeler vun där Competitioun op fir jiddereen.
Bealtaine ass net nëmmen e Festival fir nozëkucken. Vill Workshoppen invitéieren d’Leit selwer matzemaachen. Fir Kanner an Erwuessener gëtt et Naturaktivitéiten, al Handwierkstechniken an Atelieren am a mam Bësch. Dat passt och perfekt zur Philosophie vun de Guiden a Scouten: Natur erliewen an zesumme Saachen ausprobéieren.
Mir hunn dran: Broutbaaken, Bastele mat Naturmaterialien, e bësse kreativ Aarbechten, Käerzenzéien, Bouschéissen, Schnëtzen, selwer Feieranzünder maachen, Unhänger aus Spécksteen hierstellen, dat sinn elo mol e puer vun den Atelieren, mee dann hu mer och en hëlzene Luna-Park mat XXL Holzspiller, klassesch Spiller wéi Vier gewinnt a Kiermesspiller am groussen aus Holz, wou jiddereen sech ka gutt ameséieren.
An natierlech dierf och d’Musek net feelen: ënner anerem mat der Luxembourg Pipe Band an de Rambling Rovers.
Wie sech kulinaresch wëll e bësse verwinne loossen - Samschdes a Sonndes gëtt et ënnerschiddlech Menuë bei eis z'iessen, Samschdes Fierkel a Schof um Grill a Sonndes e ganzen Ochs.
Vegetarësch a vegan Platen, Met a keltesche Béier stinn och um Menü. De Festival leeft Samschdes an Sonndes vun 11 bis 19 Auer zu Neiheisgen. Méi Informatiounen an de komplette Programm fannt der op bealtaine.lu