DéierentippSchéin, mä geféierlech Blummen

Patrick Greis
Schockela ass gëfteg fir de Mupp, awer et gëtt och gëfteg Saache fir d'Kaz.
© RTL

Et gëtt Saachen, déi ee wäit ewech vu Kazen hale soll. An domadder ass den Ufank vum aktuelle Fall aus der Praxis vun der RTL-Déierendoktesch Romi Roth gemaach.

„Kommt léiwer heem op Visitt, eisen alen Jamie ass esou immens deierlech. Mir hunn Angscht, hien kéint schonn de Wee an d’Praxis net méi packen.“ Den urale Kiederchen huet zanter e puer Wochen gedronk ewéi ee Lach. Mam Friesse war hien awer immens kriddeleg an huet sech och ganz oft iwwerginn. Et war gewosst, dass dem Jamie säin Häerz net gutt war an hien ze héije Bluttdrock hat, mee dat war keng Explikatioun fir säin terribelen Duuscht.

Esou een aalt Déier kéint et jo och emol un de Nieren hunn? Mat enger Bluttanalys an der Praxis gouf dunn och fonnt, dass seng Niere bal net méi geschafft hunn.

Mee op der Visitt war och scho kloer ginn, firwat. Den ale Kueder war bei eis zou op de Stuffendësch gespronge an ass do ronderëm e Vase mat engem herrleche Bucki Lilie geschlach. All puer Woche gëtt ee neie Putsch där Blummen an deem eleganten Zëmmer drappéiert. Wéi et kënnt, dass di meeschte Lilienzorten terribel toxesch op Kaze-Niere wierken, ass nach net ganz gekläert. Et gëtt awer genuch där Vergëftungen, déi déidlech ausgoungen. Dem Jamie seng Niere konnt mat intensive Baxteren a Medikamenter nees un d’goe bruecht a gehollef ginn, mee an d’Zëmmer mat de Lilie wäert hien elo wuel net méi eran dierfen.

Schockela ass gëfteg fir den Hond

Back to Top
CIM LOGO